Logement Biergerinitiativ Areler Strooss wëllt op Aenhéicht matschwätzen

D'Deeg vum Stadion op der Areler Strooss an der Stad si gezielt. An den nächste Jore soll hei en neie Wunnquartier entstoen. Mee e Grupp vu Bierger fäert, datt virun allem räich Immobiliëpromoteuren un deem Projet wäerte verdéngen, während vill Bierger sech d'Wunnengen do net kënne leeschten. Si hunn dofir eng Biergerinitiativ gegrënnt, déi fuerdert, datt d'Bierger an d'Entwécklung vun deem neie Quartier agebonne ginn.

Rick Mertens / cz

Winfried Heidrich
De Winfried Heidrich vun der Biergerinitiativ "Areler Stroos"

D'Biergerinitiativ Areler Strooss wier nach am Gaange "sech ze sammelen", an hätt sech mat hire Fuerderungen nach net un d'Politik geriicht, seet de Winfried Heidrich. De Grupp setzt sech dofir an, datt d'Bierger mat agebonne ginn, an d'Entwécklung vum neie Wunnquartier ronderëm den Terrain vum Stade Josy Barthel. Bis elo hätt d'Initiativ ronn 400 Ënnerschrëfte fir dës Fuerderung gesammelt, sou de Winfried Heidrich. Hie mengt, do wier "nach Loft no uewen". Mat Ëffentlechkeetsaarbecht wëllt de Grupp dofir elo probéieren, nach méi Leit ze erreechen.

Wann een d'Zil vun 1.000 Ënnerschrëfte géif erreechen, wéilt ee sech mat der Stater Buergermeeschtesch zesummesetzen. Et wéilt een op Aenhéicht mat a bezu ginn. Et géif een dee Moment erwaarden, datt d'Bierger - net nëmme Biergerinitiativen - méi eescht geholl géife ginn. Et kéint net am Interêt vun enger Stad sinn, datt d'Politik laanscht d'Bierger géif gemaach ginn. D'Bierger missten awer gläichzäiteg och verstoen, datt si sech selwer aktiv fir hir Interessen asetzen, sou de Winfried Heidrich.

Den Dialog mat der Politik huet d'Initiativ awer nach net gesicht, sou de Winfried Heidrich. Et wéilt ee sech och net op de Quartier Areler Strooss limitéieren, mee et wéilt ee sech mat anere Biergerinitiative vernetzen, fir méi sichtbar ze ginn. Hien ass sech bewosst, datt eng kleng Biergerinitiativ wahrscheinlech manner ka beweegen, wéi méi Initiativen, déi sech ënner dem Daach vu Wunn-, Liewen- a Baukultur géifen zesummendoen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Intergenerationellt Wunnen
Logement

Um Kierchbierg soll eng sougenannte Wunnengs-Baukooperativ entstoen, fir datt d'Leit hiren eegene Wunnraum kënne gestalten. Hei soll eng intergenerationell Communautéit entstoen.

RER Wunnmodeller RER
Riicht Eraus

De Staat misst prioritär um Locatiounsmaart aktiv ginn a méi Wunnraum schafen, seet de President vun der Chambre immobilière. Och aner Alternative misste genotzt gi fir méi bezuelbare Wunnraum ze realiséieren.

Sam TANSON
Logement a Kultur

De Logement wier eng richteg Erausfuerderung. Si géif awer och d'Potential an deem Ministère gesinn, notamment duerch d'Zesummenaarbecht mat deenen anere grénge Ministeren, esou d'Sam Tanson.

Julien Licheron
Chamberwahlen 2018

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

Kichegespréicher #1 - Ëmwelt, Educatioun a Logement
Chamberwahlen 2018

An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der éischter Episod geet et ëm Ëmwelt, Educatioun an ëm Logement.

Dan Beck, Jos Dell a Jean-Paul Scheuren Riicht Eraus
Wunnengsmaart

D'Immobiliepräisser wäerte weider klammen, sou de Konsens vun dräi Professionellen aus dem Secteur an eiser Emissioun Riicht eraus. D'Diskrepanz tëscht Offer an Demande wier nach laang net geléist.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen