Op där Plaz liewen och vill Vullen a Fliedermaiszorten, déi geschützt misste ginn. De Plateau vun Uewerkuer gehéiert zu de Gréngzonen, déi fir Fräizäitaktivitéite genotzt kënne ginn.
Et ginn och Bedenken, wat d'Stabilitéit vum Terrain ugeet. Fréier waren do nämlech Grouwen, déi extrem fragil wieren, seet den Alessandro Fratini.
D'Asbl Wandtastesch hätt scho Kontakter gehat mat de Gemengenautoritéite grad wéi mat deene Gréngen. An deene Gespréicher hu si drop opmierksam gemaach, datt een de Precautiounsprinzip misst gëlle loossen. Bei anere Wandparke gouf eng Distanz zu de Wunnenge vun 800 bis 1.000 Meter agehalen. Zu Uewerkuer wieren et awer nëmme 600 Meter, esou d'Kritik vum Alessandro Fratini.
Nei Technologië si fir de Site vun Uewerkuer geplangt
Et wier eng ganz modern Technik, déi zu Uewerkuer agesat gëtt, präziséiert de gréngen Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini a senger Reaktioun. D'Wandmille gi während där Zäit gestoppt, wou d'Vullen an d'Fliedermais ënnerwee sinn. A wat de Kaméidi ugeet, gi Sensoren installéiert, déi zu all Ament d'Wandrieder kënne stoppen, wann ee bestëmmte Geräischpegel iwwerschratt ass.
D'Geneemegungsprozedur leeft
D'Gemeng Déifferdeng an Diffwand, déi de Projet entwéckelt hunn, waarden op d'Äntwert vum Nohaltegkeetsministère, deen eng Impaktstudie op Mënsch an Ëmwelt duerchféiert. 2019 ginn iwwerdeems Buerunge realiséiert fir d'Stabilitéit vum Terrain ze iwwerpréiwen, sou de Roberto Traversini.
Et géif ee verstoen, datt Leit sech Suerge maachen an et géif een als Gemeng och op déi Suergen agoen. Wann hie selwer op de Bierg géif klammen, da géif hien awer op franséischer Säit déi dräi Dampkolonne vu Cattenom gesinn. Do géif kee sech d'Fro stelle wat wier, wann do eppes Schlëmmes géif geschéien. Dat wier eng Katastroph, betount den Déifferdenger Buergermeeschter.
"Mir huelen d'Bierger an d'Biergerinnen iwwerall mat. Si kréien all d'Etüde gewisen, dofir verstinn ech wierklech net déi Suerg. Geet et ëm de Kaméidi, ëm d'Natur an d'Fliedermais? An deem Fall géife jo Schutzmoossname getraff ginn", betount de Roberto Traversini.
Kee Versteesdemech huet hie fir déi Leit aus der Biergerinitiativ, déi viru Kuerzem eréischt geplënnert sinn. Et wier ee schonn zanter véier Joer mat deem Projet Diffwand am Gaangen. Wann hinnen dat awer sou schlëmm virkomm wier, da géif hie sech froen, firwat si do nach eng Wunneng kaf hätten.
Interview mam Alessandro Fratini:
Interview mam Roberto Traversini: