Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biissen als konkret Propose agereecht

Google

Biissen als konkret Propose agereecht

D'Regierung huet Google de Moie fréi e Virschlag gemaach fir ee Site, op deem dee gréissten Datacenter aus der Groussregioun entstoe kéint. Elo gëtt op d'Decisioun vum US-Konzern gewaart.

auto_stories

1 min

(c) Bigstock

D'Regierung huet dem US-Konzern Google eisen Informatioun no d'lescht Nuecht ee Site zu Biissen proposéiert: Op engem Terrain vun 25 Hektar am Oste vu Biissen soll dee gréissten Datacenter an der Groussregioun entstoen. Wéini Google eng Decisioun hëlt, ass net gewosst.

Ee Bauer wëllt net verkafen

Ee vun de Proprietairë war bis gëschter net bereet, säin Terrain ze verkafen. Och wann et dobäi géif bleiwen, kéint dat de Projet net méi a Gefor bréngen, soe Sourcen, déi no um Dossier sinn. Et géif just ëm ee klengt Stéck Land um Bord vum geplangte Site goen.

De radio 100,7 hat d'lescht Woch gemellt, datt den US-Konzern Google en Datacenter zu Lëtzebuerg baue wëllt. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet dono erkläert, et géif eng Optioun zu Biissen ginn a Google wéilt nach dës Woch Kloerheet.