Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bildung vun de Flüchtlingskanner

Reportage

Bildung vun de Flüchtlingskanner

Ënner den ukrainesche Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen, sinn och vill Kanner. Dëse Kanner misst een natierlech probéieren eng Bildung ze proposéieren, déi hinne gerecht gëtt, mengt d'Simone Bleser. Si ass Proff an der Internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch an engagéiert sech fir d'Bildung vun de Flüchtlingskanner. Donieft huet d'Simone Bleser virun e puer Wochen eng ukrainesch Fra mat hirem Puppelche bei sech doheem opgeholl.

auto_stories

3 min

Kanner an enger Schoul. Foto: Unsplash / Taylor Wilcox

Zënter datt si Studentin war hätt d'Simone Bleser sech vill fir Osteuropa interesséiert. D'Enseignante huet Slawistik an Ostpolitik studéiert a seet, si wier dowéinst vläicht nach méi wéi anerer vun der russescher Invasioun an der Ukrain getraff gewiescht.

Fir si wier et och ganz fréi kloer gewiescht, datt si wéilt hëllefen. Am léifsten, andeems si Flüchtlingen doheem ophëlt. Hire Mann hätt si awer nach missten iwwerzeegen, erzielt d'Simone Bleser:

"Am Ufank war hie ganz skeptesch. Hien huet mir elo virgëschter gesot: Spéitstens dee Moment wou ech op de Kierchbierg gefuer sinn an eng hondsfriem Fra ass mat engem Puppelchen a mäin Auto geklommen ouni Froen ze stellen ouni iergendeppes, do ass mir bewosst ginn, datt ech dat richtegt maache fir Flüchtlingen opzehuelen."

Wann een esou verzweiwelt wier, datt een einfach iergendanzwousch era géif klammen, da bräicht een Hëllef.

D'Zesummeliewe funktionéiert ëmmer besser

Déi ukrainesch Fra - d'Anna an hire Jong Mischa - géifen sech och esou lues besser zu Recht fannen. Fir et deenen zwee zu Lëtzebuerg esou einfach wéi méiglech ze maachen, hätt d'Famill Bleser esouguer hir Iessgewunnechten ëmgestallt:

"Mir sinn an den ukrainesche, russesche Buttek gaangen. A mir kafen elo ganz vill Produite wou hatt sech am Fong doheem fillt. An hatt huet ausgemaach, datt hat ëmmer Samschdes a Sonndes fir eis kacht."

D'Anna wéilt dat als Zeeche vun der Dankbarkeet maachen, erkläert d'Simone Bleser. Alles an allem géif d'Zesummeliewen och ëmmer besser funktionéieren.

Als Enseignante an der Internationaler zu Déifferdeng an Esch fillt d'Simone Bleser sech och immens concernéiert wéinst de ville Kanner, déi aus der Ukrain op Lëtzebuerg kommen. D'Léisung wier hirer Usiicht no awer net, d'Kanner an de lëtzebuergesche Bildungssystem ze forcéieren:

"Wat bréngt et ukrainesche Kanner fir Lëtzebuergesch ze léieren? Oder fir Däitsch ze léieren? Déi meescht, déi wëllen erëm an hir Heemecht zréck. Englesch a Franséisch sinn déi Sproochen, déi och bei hinnen enseignéiert ginn an déi vill méi sënnvoll si fir se doranner ze fërderen."

Et feelt u Klassesäll a Léierpersonal

Dofir wier et nëmme richteg, seet d'Simone Bleser, datt de Bildungsministère un déi International Schoulen erugetrueden ass, well et hei franséisch respektiv englesch Sektioune ginn. Do géif sech allerdéngs d'Fro stellen, ob déi néideg Infrastrukturen do sinn. Et géifen net méi vill fräi Klassesäll ginn.

Donieft bräicht een och dat néidegt Léierpersonal. An d'Educatiounspolitik vun de leschte Joren hätt gewisen, datt et un Enseignantë feelt, constatéiert d'Enseignante.

Et dierft een och d'Ëmstänn net vergiessen, ënner deenen dës Kanner op Lëtzebuerg komm sinn net vergiessen:

"Déi Kanner, déi elo kommen, déi sinn traumatiséiert. Déi musse mer ganz anescht nach eng Kéier behandele wéi Kanner, déi mir an der Schoul sëtzen hunn."

Dat wieren elo Theeme mat deenen sech de Bildungsministère misst ausernee setzen. Well awer och net gewosst ass, wéi vill ukrainesch Kanner schlussendlech eng Bildung zu Lëtzebuerg brauchen, géing dat eng enorm Erausfuerderung duerstellen.