Duerch den héijen Asaz vu Pestizidë wären d'Vullen ëm 50 Prozent zréckgaangen, och bei den Insekte géing et en dramatesche Réckgang ginn. Et misst e kloer mam Fanger op d'Verursaacher weisen.
"Ech ginn d'Gefill net lass, datt lues awer sécher d'Leit verstinn, datt muss eppes gemaach ginn. Wa mir duerno eng trostlos Natur a Landschaft dobaussen hunn, kee Villche méi héiere päifen. Kee Päiperlek méi gesi fléien. Ech fäerten, datt mir den Trend dann net méi gedréint kréien."
Naturschutz a Politik
Mir géifen an enger Zäit liewen an där sech alles ëm Geld, den Trump an de Brexit géing dréinen. De Gedanke vun der Biodiversitéit a vum Naturschutz wier an den Hannergrond geréckelt. Dobäi wier den Naturschutz eng vun de Liewensbase vun de Mënschen.
Politesch Fuerderunge vun Natur & Ëmwelt sinn:
- en Naturschutzgesetz
- den Naturschutz als gläichberechtegte Politikberäich
- nom Landesplanungsgesetz séier Plan sectoriellen - "fir datt net Hott an Har gebaut gëtt"
De Käerjenger Contournement deet wéi
Wann een et als Land fäerdeg bruecht hätt fir Natura 2000 Gebidder, Naturschutzgebidder ze deklaréieren, wann een ee vun den héchsten Tauxe vun Naturschutzgebidder an Europa hätt, an da Stroossebau duerch esou Gebidder geet - dat géif wéi doen. "Dat ass net de Wee, dee mir approuvéieren. Wann et do keng aner Weeër ginn, da muss een nach emol hannerfroen, ob déi Strooss an där Form néideg war, an op aner Méiglechkeeten net hätte misste virgezu ginn." De Stellewäert vum Naturschutz wier hei net héich genuch gewiescht. Et hätt och eng aner Decisioun geholl kënne ginn.