Radioen

On air

Notturno  |  Inborn - Vogue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BioneXt kritiséiert 5-Euro-Bongen

CovidCheck

BioneXt kritiséiert 5-Euro-Bongen

An engem Bréif un d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, mat Kopie un d'Santé, d'Gesondheetskeess a verschidden Organisatiounen, schreift den Direkter vum Laboratoire, d'Stad géif mat de präislech reduzéierte Bonge fir Schnelltester ee bestëmmten Acteur subventionéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An zwar wier dat d'Socitétéit Santé et services SA, déi eng Filial ass vun den Hopitaux Robert Schuman. Et ass dee Betrib, deen an der Stater Groussgaass den Testzentrum geréiert an deem een, nieft den Apdikten, säi 5-Euro-Testbong kann aléisen.

Tarif géint net emol den Akaf vum Testkit decken

Am Schreiwes vu BioneXt, dat eis virläit, gëtt notamment gefrot, wéi vill d'Stad pro Test reell ausgëtt, wëssend datt ee Schnelltest mat Zertificat méi kascht wéi nëmme 5 Euro. Den Direkter vu BioneXt betount a sengem Bréif, deen Tarif géif mol net den Akaf vum Testkit decken.

Fir BioneXt sinn d'Fënnef-Euro-Bonge vun der Stad am Prinzip keng schlecht Iddi, mee eng Konkurrenz - dat liest een aus dem Bréif eraus. Den Haaptgrond: anescht wéi zum Beispill d'Laboratoires réunis huet BioneXt selwer eng Offer fir Antigen-Schnelltester vu qualifizéiertem Personal maachen ze loossen.

Iwwer d'Plattform safeplace.lu kann een hei esou een zertiféierten Test ufroen - de Präis: 19 Euro, also bal véier mol sou deier wéi an der Stad. Et wier een héich performanten Test vun der Mark Roche, heescht et, ee vun de beschte vum Marché.

BioneXt seet sech am Bréif iwwerrascht, datt si net vun der Stad kontaktéiert gi sinn, fir un hirer Campagne matzeschaffen a freet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer och no wéi enge Krittären déi implizéiert Acteuren ausgewielt gi sinn.

Ganz konkret freet de Jean-Luc Dourson, datt et soll méiglech ginn, Testbonge vun der Stad och bei BioneXt anzeléisen. BioneXt hat am Summer eng Plainte gemaach, dat wéinst dem Virworf vu Concurrence déloyale beim Large-Scale-Testing.