Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis elo "keng Infektiounsclusteren" zu Suessem

Coronavirus

Bis elo "keng Infektiounsclusteren" zu Suessem

An der Gemeng Suessem gouf et bis elo kee Cluster vu Corona-Infektiounen, esou déi nei Buergermeeschtesch vun der Süd-Gemeng. D'Simone Asselborn-Bintz geet dovun aus, datt hir Gemeng eventuell manner betraff ass wéi d'Nopeschgemengen, well et zu Suessem manner Caféen a Restaurante gëtt. Mat Sécherheet kéint een dat awer net soen, esou d'Simone Asselborn-Bintz. Hir Gemeng géif op alle Fall probéieren d'Regierung am Kampf géint de Virus ze ënnerstëtzen.

auto_stories

2 min

D'Gemeng géif iwwer Social Media an iwwer hiren Internetsite d'Leit opruffe fir Social Distancing ze maachen an hir Mask unzedoen a sech reegelméisseg d'Hänn ze wäschen.

De Süde vum Land gouf besonnesch staark vun der zweeter Well vum Coronavirus getraff. Dat weisen d'Donnéeë vun der Santé. Mee och am Süde sinn net all d'Gemengen d'selwecht staark impaktéiert. D'Suessemer Buergermeeschtesch seet, an hirer Gemeng hätt et zwar Fäll ginn, mee net esou vill wéi a verschiddenen Nopeschgemengen.

Et wier als Buergermeeschtesch schwéier nozevollzéien, ob dat Zoufall ass, oder ob et eventuell mat spezielle Mesuren ze dinn huet.

"Ech hoffe jo, datt eis Leit méi vigilant sinn, an datt dat vläicht besser geet. Ech weess et awer net. Et ass vläicht och Zoufall."

Datt d'Santé elo Kaarte publizéiert, déi relativ genee weisen, wou am Land d'Infektiounen ze fanne sinn, gesäit d'Simone Asselborn-Bintz éischter mitigéiert. Engersäits géif si d'Leit verstoen, déi gär géife wëssen, wou Clustere sinn a wou net.

Datt d'Santé déi Donnéeën huet a se fir den Tracing benotzt, kéint si och novollzéien, mee si fäert, datt dat fir "eenzel Leit méi Onrou bréngt, wéi et néideg ass".

"Mee ech verstinn d'Leit awer, déi besuergt sinn, an déi gär wëlle wëssen op an hirer Gemeng oder an hirem Duerf vläicht esou eppes lass ass, fir datt si da méi kënnen oppassen. Dat kann ech novollzéien."