Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis ewell 576 Persoune mat Behënnerung a Strukture geimpft

Gesondheet

Bis ewell 576 Persoune mat Behënnerung a Strukture geimpft

Bis de 5. Mäerz si 576 Persoune mat enger Behënnerung a ronn 27 Strukture geimpft ginn, sou de Gesondheetsministère op Nofro hin. An dräi Strukture wier mëttlerweil och alleguer déi zweet Impfdosisse gesprëtzt ginn a bis de 25. Mäerz soll d'Impfcampagne an alle 27 Strukturen ofgeschloss sinn.

auto_stories

1 min

Déi Leit mat enger Behënnerung, déi autonom liewen, goufe bis elo nach net geimpft. Dës ginn am Kader vun den nächste Phasen invitéiert, dat heescht jee no hirem Alter oder hirer Vulnerabilitéit. Net all behënnert Persoun ass d'office och engem gréissere Risiko ausgesat fir schwéier u COVID-19 ze erkranken, sou eng Spriecherin vum Gesondheetsministère.

An der éischter Phase huet d'Regierung decidéiert, par Analogie zu den Alters- a Fleegeheemer, déi Strukturen ze impfen, an deene Leit mat engem Handicap hebergéiert ginn. Genee ewéi bei den Alters- a Fleegeheemer géif et hei drëms goen, de Virus aus dësen Haiser an deene vill vulnerabel Leit op engem Raum matenee wunnen, erauszehalen. Déi Leit déi net an dëse Strukture wunnen ginn, jee no Grad vun hirem Handicap, an deene verschiddene Phasen déi vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses proposéiert goufen, geimpft.