Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu 1.000 nei Wunnengen

Site Agro-Zenter Miersch

Bis zu 1.000 nei Wunnengen

Nom Kollektivcongé soll mat den Ofrappaarbechten um Site ugefaange ginn, esou eisen Invité vum Dag, de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe (DP). An den nächsten zéng bis 15 Joer sollen eng Partie nei Aktivitéiten op der Mierscher Industriebrooch entstoen.

auto_stories

2 min

De Service Sites et Monuments hat sech dofir agesat, datt de "Bâtiment balance" um Site vum Agro-Zenter soll geschützt ginn: dës Hal géif d'Häerzstéck vun der Anlag duerstellen, an där d'Baueren hir Kären ofgeliwwert hunn, esou den Direkter Patrick Sanavia op eis Nofro hin. D'Gebai hätt eng "gutt Architektur" an et wier alles anescht wéi e reng funktionellt Gebai. De Mierscher Gemengerot huet sech awer unanime fir d'Ofrappe vum Gebai ausgeschwat, dëst aus praktesche Grënn, esou de Mierscher Buergermeeschter.

Um Site vum Agro-Zenter bei der Mierscher Gare soll nom Kollektivcongé am August mam Ofrappe vun den ale Gebaier ugefaange ginn, dorënner de markante Kären-Zilo vu 65 Meter Héicht. De Gros vun den Aktivitéiten, déi et nach um Site ginn, sollen eisen Informatiounen no bis spéitstens Enn September an den neien Agrar-Zenter op Colmer-Bierg geplënnert sinn.

Duerno kënnen déi iwwer 17 Hektar Terrain zu Miersch nei genotzt ginn. De Buergermeeschter Michel Malherbe rechent domat, datt 2021 mam Bau vun neie Gebaier ugefaange gëtt. Et sollen bal 1.000 nei Wunnengen entstoen, dorënner och soziale Wunnengsbau. Donieft solle Geschäfter do entstoen, eng Crèche an eventuell een Hotel, esou de Michel Malherbe. Och zwee staatlech Verwaltungsgebaier si virgesinn. Dat éischt Gebai, dat um Industriesite soll entstoen ass e Parkhaus fir 400 Autoen.

Promoteure vum Projet sinn d'CEPAL (Société de gestion du patrimoine de la Centrale Paysanne) an d'Bau-Entreprise Félix Giorgetti.