Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bistum orientéiert d'Wort nees méi no riets

Demissioun vum Chefredakter

Bistum orientéiert d'Wort nees méi no riets

De Jean-Lou Siweck hält Enn September als Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort op. Hien ass net averstane mat der neier Linn vum President Luc Frieden an dem Bistum, Proprietaire vum Groupe Saint-Paul Luxembourg.

auto_stories

3 min

Saint-Paul Luxembourg huet d'Trennung an engem Communiqué matgedeelt. Hannergrond wieren Divergenzen tëscht dem Verwaltungsrot an dem Chefredakter iwwert d'Ligne Editoriale vum Lëtzebuerger Wort.

Alles séier gaangen

An der Mëttesstonn gouf eng Personalreunioun fir 16 Auer annoncéiert. Géint 15 Auer huet de Jean-Lou Siweck nach eng Redaktiounsreunioun geleet, ouni sech eppes umierken ze loossen, esou e Journalist. De Schock koum eréischt um Schluss. De Chefredakter hätt d'Reunioun mat dëse Wieder verlooss: "D'nächst Woch sinn ech a Schweden op enger Reunioun. Den Donneschdeg an de Freideg sinn ech dann nach um Bureau. An dat war et dann". Kuerz drop huet den Direkter Paul Peckels d'Personal informéiert, datt de Jean-Lou Siweck just nach bis Enn September Chefredakter wier. Enn vun der Kommunikatioun.

"Nees méi no riets pendelen"

Géint 17 Auer koum de President Luc Frieden an d'Wort-Redaktioun. Méi Sourcen no sot hien, d'Lëtzebuerger Wort wier "eng Jedermanszeitung" ginn. De Conseil an den Aktionär hätte sech "net méi dran erëmfonnt". Et wier e Problem vun Identitéit a Meenung. Déi "politesch Mëtt-Riets-Positioun" wier verluer gaangen. Et géif och ëm de Respekt virum Proprietär, also dem Bistum goen. D'Diskussioune mam Jean-Lou Siweck iwwer d'Ligne Editoriale hätte sech iwwer sechs Méint gezunn.

D'Journaliste vum Lëtzebuerger Wort hätte "relativ consternéiert" reagéiert, heescht et aus der Redaktioun vun der gréisster Zeitung am Land. D'Journalisten hätten integral hannert hirem Chefredakter gestanen.

Unzeeche virun e puer Méint

Viru bal véier Méint hat de Saint-Paul-President Luc Frieden 100,7-Informatiounen no schonn eng Reunioun mat der Wort-Chefredaktioun a mat de Ressorte Politik a Wirtschaft. De Luc Frieden hätt d'Fro gestallt, ob d'Wort sech net nees misst méi kloer politesch positionéieren, seet e Wort-Journalist, déi bei der Reunioun dobäi war. De President vum Verwaltungsrot hätt och d'Fro gestallt, firwat de Bistum nach en Interêt sollt hunn, Aktionär vum Lëtzebuerger Wort ze sinn. De Luc Frieden hätt den editoriale Projet vum Chefredakter Jean-Lou Siweck guer net verstanen.

Enn vu véier Joer laangem Projet

Am Januar 2016 sot de Jean-Lou Siweck nach um radio 100,7, de Bistum hätt am Joer 2013 decidéiert, aus dem Wort kee Par-Blat, mä eng Dageszeitung fir d'ganz Land ze maachen.

Op den éischte Februar 2016 ass de fréieren CSV-Minister Luc Frieden du President vum Verwaltungsrot vum Mediegrupp Saint-Paul ginn. Ënnert dem Jean-Lou Siweck huet d'Lëtzebuerger Wort sech vun der CSV lassgeléist. An der Referendumscampagne 2015 huet d'Lëtzebuerger Wort eng aner Positioun geholl wéi d'CSV, wat déi Trennung zur Partei beluecht huet.

Successioun?

De Jean-Lou Siweck ass also just nach bis Enn September Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort. De Luc Frieden sot eisen Informatiounen no virum Personal, d'Fro vum Nofolger géif am Laf vun der nächster Woch gekläert ginn. Et géif kee Paschtouer Chefredakter oder President vum Conseil ginn, soll de Luc Frieden och nach gesot hunn.

De President vum Verwaltungsrot Luc Frieden an de Generaldirekter Paul Peckels wollten d'Nouvelle géigeniwwer dem radio 100,7 net kommentéieren.

De Bistum, Proprietär vum Verlagshaus Saint-Paul Luxembourg, wollt op Nofro hin och net op den annoncéierten Depart vum Wort-Chefredakter reagéieren.