Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blanche Weber: "Si mir als Mënschheet fäeg aus der Situatioun ze léieren?"

Wéineg Optimismus BEIM MOUVEMENT

Blanche Weber: "Si mir als Mënschheet fäeg aus der Situatioun ze léieren?"

De Mouvement Écologique hat dëse Samschdeg säin éischten analoge Kongress zënter zwee Joer. D'Presidentin vun der ONG, d'Blanche Weber, huet viru knapps 40 Memberen am Hotel Parc Belle Vue an der Stad déi grouss Erausfuerderunge vun den nächste Joren skizzéiert. Si gesäit an dëse bedréckenden Zäiten awer och hoffnungsvoll Momenter.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


"Si mir als Mënschheet fäeg aus der Situatioun ze léieren? Ëmzegestalten? Verantwortung ze iwwerhuelen? Decisiounen ze huelen fir d'Zukunft? Wat d'Ekologie betrëfft, gesäit et net gutt aus."

Groussen Optimismus huet een aus der Ried vum Blanche Weber net eraushéieren. D'Presidentin vum Mouvement Ecologique huet zimmlech dréche festgestallt, datt haut eng ganz Partie vun den apokalyptesche Prognosen wouer gi wieren, déi de Club of Rome an de 70er Joren an sengem Bericht "D'Grenze vum Wuesstem" opgestallt hat. D'Gesellschaft wier zënter 50 Joer mat vollem Karacho an déi falsch Richtung gefuer. Si schwätzt vun enger Klima- an Biodiversitéitskatastroph.

Och Wirtschaftsvertrieder spieren d'Auswierkunge schonn

Trotzdeem gesäit si och Grënn, fir sech Hoffnungen ze maachen. Nieft der Zivilgesellschaft an der Wëssenschaft géifen nämlech och aner Acteuren sou lues begräifen, wat um Spill steet. Och ëmmer méi Wirtschaftskreesser géifen erkennen, datt et net sou viru goe kéint, och si géife mëttlerweil d'Auswierkunge vun der Klima- a Ressourcëkris spieren.

"Rohstoffer gi méi rar, Liwwerkette si fragil an a Gefor. Datt kee Wee méi laanscht d'Erausklamme aus de fossillen Energië féiert, ass Konsens. Datt eise verschwendereschen Ëmgang mat de Ressourcen net weider goe kann, gëtt net méi kontestéiert."

Fir d'nächst Joer, wou zu Lëtzebuerg nees Gemengen- a Nationalwalen ustinn, gesäit d'Blanche Weber den Mouvement Ecologique dann an der Flicht, der Politik e kloere Message matzeginn. Nieft enger nohalteger Steierreform, enger laangfristeger Perspektiv an enger Transitioun Richtung Kreeslafwirtschaft bräicht et zu Lëtzebuerg nämlech och endlech emol responsabel Politiker.