Radioen

On air

De Weekend  |  Depeche Mode - Policy Of Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bléck op de Panachage

Chamberwahlen 2018

Bléck op de Panachage

Bis 14 Auer sinn d'Wahlbüroen uechter d'Land op. U wéi eng Parteien déi 60 Sëtz an der Chamber ginn, wäert am Laf vum Owend kloer sinn. Een Enjeu: D'Stëmmverhale vun den 257.000 Wieler an Zäite vu Social Media.

auto_stories

2 min

D'avancéiert Neiwahle vun 2013 louchen net am Trend: Deemools goufen 59 Prozent Lëschtestëmme gezielt géint 41 Prozent individuell Stëmmen. Vun de Chamberwahle vun 1970 bis bei d'Wahle vun 2009 ass d'Unzuel u Lëschtestëmmen däitlech zeréckgaangen.

Lëschtestëmmen Panachage
1970
70 %
30 %
2009
52 %
48 %
2013
59 %
41 %

Déi meescht Wieler, déi panachéieren, verdeelen hir Stëmmen op méi Lëschten. Viru fënnef Joer louch den Taux vum Panachage op verschiddene Lëschte bei 30 Prozent.

Ënnerscheeder bei de Parteien

D'ADR krut bei de Chamberwahle viru fënnef Joer am Meeschte Lëschtestëmmen. Vun all de Stëmmen, déi d'Partei krut, waren 73 Prozent Lëschtestëmmen. Just 27 Prozent vun de Stëmme bei der ADR waren deemools perséinlech Stëmmen.

E ganz anert Bild ass et bei der LSAP: D'Sozialiste kruten 2013 am mannste Lëschtestëmmen. Mat engem Verhältnis vu 54 Prozent Lëschtestëmmen zu 46 Prozent Panachage krut d'LSAP deemools bal esouvill individuell Stëmme wéi datt iwwer de Fait, datt Wieler d'Lëscht geschwäerzt hunn.

Lëschtestëmmen 2013
ADR
73 %
Piraten
72 %
déi Lénk
70 %
PID
67 %
KPL
66 %
DP
59 %
CSV
59 %
déi gréng
57 %
LSAP
54 %

De Wahlkampf fir d'Chamberwahle vun dësem 14. Oktober war staark op d'Persounen orientéiert a wéineg op Inhalter. Eng vun de Froe bei dëse Wahlen ass et, ob de Panachage an Zäite vu Facebook, Instagram an Twitter nees zouhëlt, sou wéi et mat Ausnam vun 2013 scho souwisou zanter 1970 de Fall war.