Radioen

On air

E-Lodie  |  Kilometre Club - The Starring Role In Undercover Mermaid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bleift d'Kierch am Duerf?

#RiichtEraus

Bleift d'Kierch am Duerf?

Vun deene ronn 500 Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg wäerten der an Zukunft méi desakraliséiert an nei genotzt ginn, fir net-kierchlech Zwecker. Do ware sech déi véier Invitéen an eiser Emissioun Riicht eraus eens.

auto_stories

5 min

An de leschten aacht Joer goufe 14 Kierchen a Kapellen hei am Land entweit, dorënner d'Bäerbelkierch zu Lasauvage. Déi gëtt elo fir kulturell Zwecker genotzt an, an hirer restauréierter Form, d'nächsten Dënschdeg ageweit.

D'Restauratioun vun der Kierch huet 2,1 Milliounen Euro kascht. D'Plaz ronderëm Kierch gëtt awer och nach reamenagéiert. Den Déifferdénger Schäffe Robert Mangen (CSV) sot, d'Kierch géif elo ënner anerem fir kulturell Zwecker, dorënner Concerten, an och am Kader vu Esch 2022, der europäescher Kulturhaaptstad, genotzt ginn.

Keng Masse méi an desakraliséierte Kierchen

D'Gemeng Déifferdeng hätt léiwer gehat, wann och nach Massen an der Bäerbelkierch kéinten ofgehale ginn, zum Beispill um traditionelle Bärbelendag. Dat wier awer net méiglech, well d'Kiercherecht kee permanenten hybride Notze vu kierchlechen a net-kierchlechen Aktivitéiten erlabe géif, sou de Gérard Kieffer, Pressespriecher vum Bistum.

De Kierchenexpert a fréiere President vun der nationaler Denkmalschutzkommissioun Alex Langini huet bemierkt, et géif Beispiller am Ausland, zu Weert an Holland zum Beispill, wou an desakraliséierte Kierche kulturell Evenementer ofgehale ginn, an am Wanter och eng Äispist dran ass, mee wou déi Kierchen awer och weider fir Masse kënne gebraucht ginn, wann eng Autorisatioun beim Bëschof ugefrot gëtt.

Frequentatioun vu Kierchen huet ofgeholl

Déi héich Zuel vu Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg wier dem Alex Langini no drop zréckzeféieren, datt déi kathoulesch Kierch, bis Mëtt vum 20. Joerhonnert, eng grouss gesellschaftlech Roll hei am Land gespillt hätt. Dee Kontext wier haut awer anescht, a vill Kierchen géife scho laang wéineg, oder guer net, gebraucht ginn. Den Alex Langini geet dofir och dervun aus, datt an Zukunft méi Kierche wäerten entweit a fir net kierchlech Zwecker wäerte genotzt ginn.

Eng Entweiung vun enger Kierch oder Kapell kënne Gemengen, déi Propriétär sinn, decidéieren, ouni datt si dofir e positiven Avis vum Bistum géife brauchen. Ausname gëlle fir 102 Kierchen, déi an der Annexe III vum Gesetz opgelëscht sinn.

De Bistum géif sech net prinzipiell dogéint wieren, a géif och eng Chance an der Nei-Notzung vu Kierchen gesinn. Vun de 500 Kierchen gehéieren der 150 dem Kierchefong, 174 si mat de Gemeng konventionéiert, an 176 si nach net konventionéiert. De Bistum wier weider am gaangen ze kucken, wat vu senger Säit aus de Besoin vu Kierchen nach ass.

Et wier awer kloer, datt d'Frequentatioun vun de Kierchen an de leschte Joren ofgeholl huet, an datt zum Beispill manner Leit an d'Masse kommen, sou de Spriecher vum Bistum. De Gérard Kieffer sot, do kéint ee kéng Zuele nennen, mee et géif een dat mierken.

Finanziellen Drock

Fir de Bistum géif et och e finanziellen Drock ginn. Bei de Kierchen, déi mat Gemeng konventionéiert sinn, muss de Bistum e Loyer bezuelen, an och zum Beispill d'Käschte fir ze hëtzen. Duerch déi méi héich Energiepräisser wäerten d'Heizkäschte nach an d'Luucht goen.

Den Alex Langini huet bemierkt, datt et, engem Urteel no, elo méiglech ass, datt Gemengen, déi eng Konventioun mat Kierchen hunn, en Deel vun de Käschte fir ze hëtze kënnen iwwerhuelen.

Vill Méiglechkeete fir Notzung vu Kierchen

D'Architektin Sala Makumbundu, déi och Member ass vun der Commissioun des sites et monuments, huet eng Partie Méiglechkeeten opgezielt, wéi Kierchen positiv fir net reliéis Zwecker kënne genotzt ginn. Fir Ausstellungen, Concerten an als kulturell Zenteren, sou wéi zu Lasauvage, mee och zum Beispill fir Logementer, oder als Restauranten oder fir a Maart dran ze maachen, wou regional Produite verkaf ginn. Dat wier zum Beispill a verschiddene franséische Kierche gemaach ginn.

Eng Kierch kéint och weider eng spirituell Funktioun hunn, als Meditatiounsraum, sou d'Sala Makumbundu. Si huet betount, bei all Konzept fir eng nei Notzung vu Kierchen misst och ëmmer d'Plaz mat abezu ginn, wou d'Kierch ass, wat meeschtens eng zentral Plaz an engem Duerf oder enger Uertschaft wier. An d'Populatioun misst mat abezu ginn, fir och der Kierch hir sozial, gesellschaftlech Roll, als Plaz, wou Leit sech begéinen an austauschen, ze revaloriséieren a nees Liewen an den Duerf- oder Uertschaftskär ze bréngen.

Et misst een de reglementaire Kader zu Lëtzebuerg, wat d'Sécherheets-Norme bei Kierche-Restoratiounen ugeet zum Beispill, awer e bësse méi flexibel gestalten, sou nach d'Architektin.

E Musée fir sakral Konscht

Wa Kierchen entweit ginn, stellt sech d'Fro, wat mat de sakralen Objeten a Konschtwierker geschitt, déi dra waren. Den Alex Langini fuerdert zanter Joren e Musée fir sakral Konscht. De Bistum hätt do, an der Vergaangenheet, awer blockéiert. Dem Alex Langini no, géifen et vill konschthistoresch wäertvoll an intressant Objeten a Wierker an de Kierchen zu Lëtzebuerg. Et misst ee sech awer froen, wou verschiddener dovun hi komm wieren.

De Kierchefong wier am gaangen en detailléierten Inventaire vun deem, wat an de Kierchen ass, auszeschaffen, huet de Bistum-Spriecher Gérard Kieffer preziséiert.

#RiichtEraus from radio 100,7 on Vimeo.