Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bleift doheem a monter

Fräie Mikro

Bleift doheem a monter

Elo musse mer e puer Méint doheem bleiwen. Och wa mer d'Noutwendegkeet vun der Moossnam agesinn: liicht gëtt dat net. Nieft dem Virus dobaussen, erwaarden eis méiglecherweis och e puer psychologesch Phenomeener dobannen. Déi sinn net wierklech geféierlech a meeschtens och séier eriwwer. Mee wann et méi laang dauert, dauere warscheinlech och d'Auswierkunge méi laang, mengt de Psychoanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Den Thierry Simonelli ass Psychanalyst an Auteur. Foto: Archiv

Zanter lëschten Dënschdeg ass et also esou wäit. D'Regierung huet de Krisenzoustand ausgeruff, a mir sinn all opgefuerdert doheem ze bleiwen. Wat virun e puer Woche just an engem autoritäre China denkbar war, ass elo och bei eis Alldag.

Eng ongewinnte Situatioun

Fir déi meescht vun eis, déi Chance hunn nach gesond ze sinn, a fir déi, déi net ze vill dovu besuergt sinn, wat elo mat hirem Salaire oder Revenu geschitt, dierft sech emol fir d'éischt de Problem vun deem plëtzleche Vide stellen. Wann d'Hetz vum Alldag, de Stress vum stonnelaange Stau plëtzlech ewech fält, dierft dat schonn emol eng ongewinnte Situatioun duerstellen.

Och wa mer eis se an der Hetz an am Stress ëmmer erëm gewënscht hunn: "Ich möchte am Montag mal Sonntag haben". Mee et ass awer schwéier, wa mer elo plëtzlech all Dag solle Sonndeg hunn, an dobäi nach mussen doheem bleiwen. Dës nei Situatioun fuerdert eng psychologesch Upassung: Eng Upassung un déi eegenaarteg, nei Fräi-Zäit.

Sonndes ass e Festdag ...

Viru bal genee 100 Joer, 1919, huet den ungaresche Psychiater a Psychanalyst Sandor Ferecnzi e kuerzen Artikel mat engem amüsanten Titel verëffentlecht: "Sonntagsneurosen". Obwuel d'Periodizitéite vun de psychologesche Problemer fir den Expert näischt Onbekanntes waren, esou war hien dach iwwerrascht ëmmer erëm ze héieren, datt mat enger gewësser Heefegkeet, sonndes eppes Komesches geschitt.

Kappwéi, Mo- an Daarmbeschwerden, munchmol esouguer Schüttelfrost an Erbriechen, waren déi heefegst kierperlech Unzeechen dofir. Wat sech esou dacks kierperlech manifestéiert huet, hat awer seele kierperlech Ursaachen. Also huet sech de Ferenczi ëm eng psychologesch Erklärung beméit. Sonndes, schreift hien, ass de Festdag vun eiser Kulturmënschheet.

Sonndes falen all d'Fesselen, d'Flichten an d'Zwäng vum Aarbechtsalldag fort. An dofir, esou kéint een denken, misste mer eis sonndes befreit fillen. Wa mat der Zensur vu baussen och déi ënnescht Zensur deels ewech fält, da behuelen sech déi Erwuesse wéi Kanner, a Kanner geroden ausser Rand a Band.

... mee net fir jiddwereen

Elo ginn et awer Mënschen, bei deene genee de Contraire geschitt.

An deem Moment, wou si sech eigentlech befreien kéinten, dréit sech déi ganz Situatioun ëm. Déi eng, well si da verschidde Wënsch an Impulsiounen, déi hinne geféierlech schéngen, ouni Hëllef vu baussen, nach méi staark mussen ënnerdrécken.

Déi aner, well si sech elo net dozou hiräisse loossen däerfen, sech esou ze behuelen, wéi déi aner. An nach anerer hunn esou e staarkt Gewëssen, datt eleng d'Gefill vun der Fräiheet genee hire Contraire bewierkt: si spieren d'Schrauwen vun der Flicht a vum Zwang sech nach méi fest bäidréien.

Déi staark Kierperreaktiounen, an och déi psychesch Auswierkunge vun eise Sonndesneurosen erweise sech domat, nom Ferenczi, als kleng Hysterien, déi eriwwer ginn. Haut géife mer wuel "Somatiséierunge" soen. An elo wäerte mer wuel zu vill mat hirer chronescher Variant ze di kréien: der "ferialer Neuros".


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.