Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blo-Gréng-Rout amplaz vu Rout-Blo-Gréng?

Chamberwahlen 2018

Blo-Gréng-Rout amplaz vu Rout-Blo-Gréng?

Gëtt et an der nächster Legislaturperiod nees eng Koalitioun vun DP, LSAP an déi gréng? No de Chamberwahlen deit villes dorops hin. Mee stinn allen dräi Parteie wierklech hanner enger Neioplo? E Bléck op alles, wat um Wahlowend a Saachen Dräier-Koalitioun gesot gouf.

auto_stories

4 min

U sech huet d'Sëtzuerdnung bei der Elefanteronn vun RTL Télé Lëtzebuerg jiddweree gutt arrangéiert. Um Schluss vun engem laange Wahlowend souzen um Plateau, vu lénks no riets: Xavier Bettel, Felix Braz an Etienne Schneider. Réischt ganz riets vum Hallefkrees, no de Vertrieder vun déi Lénk, Piratepartei an ADR, souz de Claude Wiseler, eleng an isoléiert.

D'Dräier-Koalitioun vun DP, déi gréng an LSAP, déi zanter 2013 zu Lëtzebuerg un der Muecht ass, war also ënner sech. A konnt monter dofir Reklamm maachen, datt et och bis 2023 bei där Konstellatioun sollt bleiwen. Et wier ee schliisslech déi eenzeg méiglech Koalitioun, déi mat engem Gewënner a senge Reien kéint eng Regierung bilden.

Kuerz nodeems och déi lëscht Gemeng am Süden ausgezielt an d'Wahlresultat eendeiteg war, hat sech de Xavier Bettel virun de Membere vun der Demokratescher Partei (DP) selbstbewosst gewisen: 12 Sëtz fir "seng" DP, dat wier e "fantastescht" Resultat - eent, wat just eng Konsequenz kéint hunn. Et misst een och an de kommende fënnef Joer un der Regierung bedeelegt sinn. Dat kéint d'DP, vun der Arithmetik hier, natierlech och zesumme mat der CSV. Et ass awer schwéier sech virzestellen, datt d'Wierder vum Xavier Bettel esou gemengt waren.

Ee Sëtzverloscht ass eng Confirmatioun

Genee wéi d'DP-Partei-Presidentin Corinne Cahen ("Mir stelle fest, datt dës Koalitioun confirméiert ginn ass") huet de Xavier Bettel am Laf vum Owend ëmmer nees widderholl, datt e Minus vun engem Sëtz (Rout-Blo-Gréng hat 2013 32 Sëtz; 2018 kéimen se op 31) effektiv eng Bestätegung wier. Zu all Moment war dem DP-Spëtzekandidat dobäi d'Erliichterung am Gesiicht ofzegesinn. Kee Wonner: Praktesch kee Sondage an de leschte fënnef Joer huet et der leschter Regierung zougetraut, op eng Majoritéit an der Chamber ze kommen.

Mee de Xavier Bettel krut jo och d'Ënnerstëtzung vun de Koalitiouns-Kolleegen, och wann de Felix Braz, déi gréng, dobäi nach méi sophistiquéiert virgerechent huet. Um RTL sot de Felix Braz: "Et ginn dräi Koalitiounsméiglechkeeten: CSV-LSAP, déi op 31 Sëtz kommen, der awer fënnef verluer hunn. CSV-DP, déi op 33 Sëtz kommen, der awer dräi verluer hunn. An d'Dräier-Koalitioun, an där als eenzeg Méiglechkeet e Wahlgewënner vertruede wier, nämlech déi gréng.

Aus de Wierder vum Felix Braz war genee dee selwechte Message ze enthuelen wéi aus deene vum François Bausch: De Wahlgewënner gehéiert an d'Regierung. A reng rechneresch ass, wéi de grénge Politiker jo live op der Tëlee demonstréiert huet, just déi eng Variant méiglech.

Confirméiert, mee passt et och?

Och deen drëtten aus der Ronn, den LSAP-Chef Etienne Schneider, huet nodeems d'Resultater bekannt goufen, direkt a Richtung Dräier-Koalitioun gekuckt. Trotz de Verloschter, déi besonnesch am Süde géife wéidoen, gesäit de Spëtzekandidat vun de Sozialisten seng Partei weider an der Regierung. "Déi Koalitioun ass bestätegt ginn. Si ass net ofgewielt ginn, et huet sech innerhalb vun der Koalitioun e bësse verréckelt, d'DP huet e bësse verluer. déi gréng huet dat erëm guttgemaach."

Mee den Etienne Schneider huet och als eenzegen vun den dräi Parteien dorops higewisen, datt eng Neioplo vun der Dräier-Koalitioun nach net gemaachte Saach ass: Et hätt ee jo dräi Programmer an déi missten och zesumme passen. Wat an der Theorie natierlech stëmmt - mee et ass schwéier sech virzestellen, datt d'Koalitiounsverhandlungen fir eng weider Dräier-Koalitioun e grousst Hindernis wieren.

D'Elefanteronn huet d'Situatioun, déi sech iwwer den Owend ugekënnegt hat, net verännert. Wéi de Jean-Claude Franck, Chefredakter vum radio 100,7 a senger Analys um Schluss vum Wahlowend constatéiert huet, hätten DP, LSAP an déi gréng ze verstoe ginn, datt si dorun interesséiert sinn, weider zesumme ze regéieren. A souguer beim Claude Wiseler huet et esou geklongen, wéi wann hie just mat dëser enger Méiglechkeet géif rechnen.

D'DP, déi mat der CSV nach en alternative Koalitiounspartner hätten, dierften dorunner - ganz ofgesinn vun de Wierder, déi gëschter scho gefall sinn - net interesséiert sinn. Besonnesch fir de Xavier Bettel ass d'Resultat vun de Chamberwahlen an d'Tendenz zu enger weiderer Dräier-Koalitioun dat optimaalt Resultat: Aus der rout-blo-grénger Regierung vun 2013 géif eng blo-gréng-rout ginn. Mat engem Xavier Bettel un der Spëtzt - vun der Regierung, an vun der gréisster Regierungspartei.