Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Calexico - Crystal Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bluttspenden: Aschränkunge fir homosexuell Männer solle falen

Gläichberechtegung

Bluttspenden: Aschränkunge fir homosexuell Männer solle falen

Och zu Lëtzebuerg sollen d'Aschränkunge fir homosexuell Männer beim Bluttspende geschwënn der Vergaangenheet ugehéieren, opmannst wann et der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no géif goen. Den Ament kënnen homosexuell Männer kee Blutt spenden, mee just Plasma, an dat och nëmme wa se véier Méint virdru kee gläichgeschlechtleche Geschlechtsverkéier haten.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / 22rus83

Bluttspenden onnéideg aschränken an Zäite wou dréngend Blutt géing gebraucht ginn, dat misst net sinn. Doriwwer eraus wier et eng Fro vu Gerechtegkeet an Diskriminatioun, esou d'Paulette Lenert haut Dënschdeg an enger Froestonn an der Chamber. D'Responsabilitéit léich bei der Croix Rouge, déi sech hei am Land géif ëm d'Bluttspende këmmeren. Dësen Donneschden wier eng Reunioun mat der Croix Rouge virgesinn.


D'Paulette Lenertplay_arrow


Si wäert sech dee Moment dofir asetzen, datt d'Fro no der sexueller Orientéierung aus dem Questionnaire erausgeholl wäert ginn, fir datt Lëtzebuerg zu deene Länner kéint gehéieren "kënnen houfreg sinn datt mer keen Ënnerscheed méi maachen".