Gläichberechtegung Bluttspenden: Nach keng Léisung fir homosexuell Männer

Et gëtt nach keng sprochräif Léisung fir datt homosexuell Männer kënne Blutt spenden, d'selwecht wéi heterosexuell Persounen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat viru Kuerzem an der Chamber zwar gesot, datt si d'Krittäre fir homosexuell Männer kuerzfristeg wéilt méi labber maachen, sou datt déi sexuell Orientéierung keen Ausschlosskrittär méi wier. Mee d'Croix Rouge seet fir d'éischt misst d'Fro vun der Sécherheet a vun der Responsabilitéit gekläert ginn.

Maxi Pesch / cz

Bluttspend
Foto: Bigstock / Rahul Sapra

Lasuschteren


Well anescht wéi an eisen Nopeschlänner wier d'Croix Rouge hei am Land eleng responsabel am Fall wou beim Bluttspenden eppes schif géif goen, erkläert de Michel Simonis vun der Croix Rouge. Éier d'Krittäre méi labber gemaach ginn, misst d'Bluttspendgesetz der Croix Rouge no geännert ginn.

Déi néideg Ännerungen um Gesetz goufen nach net gemaach

D'Croix Rouge hätt der Chamber kloer erkläert, wéi d'Gesetz iwwer d'Bluttspende misst verännert ginn, fir datt de Staat een Deel vun der Responsabilitéit géif iwwerhuelen.

"Mee do waarde mir zënter Joren drop a mir hunn u sech haut nach keng Solutioun. Och wann d'Mudam Lenert staark dru schafft. Mee bis haut hu mir déi net."

Et feele Statistiken

Eng Piste wier zum Beispill e Responsabilitéitsfong deen am Endeffekt responsabel wier, wann eppes géif schif goen, esou de Michel Simonis weider. Onofhängeg vun der Responsabilitéit missten och déi beschtméiglechst a risikoäermste Krittäre beim Bluttspende garantéiert bleiwen. Mee fir dat ze erfëlle bräicht een hei am Land besser Statistiken. Zu Lëtzebuerg géife prezis Donnéeën iwwert sexuell iwwerdrobar Krankheete feelen, kritiséiert de Michel Simonis.

Et misst och méi preventiv a Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich vun de sexuell iwwerdrobare Krankheete gemaach ginn. Déi Blo-Rout-Gréng Regierung hat 2018 an hirem éischten nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun ënnert anerem homosexuelle Mënschen, decidéiert, datt alleguer d'Limitte par Rapport zum Recht fir Blutt ze spende missten opgehuewe ginn. Zënter 2021 kënnen homosexuell Männer Plasma spende ma nach ëmmer keng Vollbluttspend ofginn.

Méi zum Thema

Illustratioun Bluttspenden
Bluttspender gesicht

D'Rout Kräiz lancéiert reegelméisseg Appelle fir Blutt ze spenden. Aktuell sinn d'Reserven aus verschiddenen Ursaachen e gutt Stéck erofgaangen. Deen Trend muss gestoppt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen