Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Frogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Branchekollektivvertrag drängt sech op"

Chamberwahlen 2018

"Branchekollektivvertrag drängt sech op"

Den Handel brauch dringend e Kollektivvertrag. Do si sech d'Marceline Waringo (KPL) an d'Françoise Hetto-Gaasch (CSV) eens. Dëst misst awer am Dialog mam Patronat a Gewerkschafte geschéien.

auto_stories

2 min

Wéi d'Marceline Waringo 1979 hir Léier an engem Geschäft ugefaangen huet, wieren d'Butteker um aacht Auer op gaang, duerno wier bis 12 Auer geschafft ginn, an iwwer Mëtteg wieren d'Butteker zou gewiescht, erzielt si. Duerno wier erëm zum zwou Auer opgemaach ginn an et wier bis sechs Auer owes geschafft ginn. "Du has eng 40-Stonne-Woch, wou s de fënnef Deeg an der Woch geschafft hues", erënnert si sech.

Haut, 39 Joer méi spéit, schafft d'Marceline Waringo nach ëmmer am Handel, an och nach ëmmer 40 Stonnen d'Woch. Déi wier awer op sechs Deeg opgedeelt ginn, et géife manner Pause gemaach ginn, et wier manner Erhuelung do, et géif méi Stress ginn an et wier méi Drock fir d'Personal do, beklot si sech.

E Kollektivvertrag fir déi ganz Branche

D'Marceline Waringo muss och all zweete Sonndeg schaffe goen. Déi Sonndesstonne kritt extra bezuelt, well de Supermarché, fir dee si schafft, e Kollektivvertrag huet. Dat wier awer net iwwerall am Secteur de Fall a wier e Problem, seet déi fréier Mëttelstandsministesch Françoise Hetto-Gaasch (CSV):

"Mir brauchen e ganz kloert Gesetz, net e Gesetz mat 27 Derogatioune wéi et de Moment ass. Mir brauchen e Gesetz, dat d'Grondprinzipie wierklech festhält a wat och de Kader gëtt, fir datt mer kënne fir dee Secteur e Kollektivvertrag ausschaffen."

D'Marceline Waringo deelt dës Meenung: "Ech mengen, e Branchekollektivvertag, deen drängt sech dringend op", seet si.

Am Dialog eng Léisung fannen

Ëmsou méi, well et éischter an d'Richtung vun enger nach méi grousser Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite geet, mengt d'Françoise Hetto-Gaasch.

Et kéint ee sech där Saach net verschléissen, datt d'Leit haut anescht géifen akafe goen. "Och wa mer elo d'Ouvertureszäite méi grouss wäerte liberaliséieren: Dat muss awer am Dialog mat deenen zwou Parteien ausgeschafft ginn, fir datt jiddwereen eppes dovun huet", seet si. Dofir misste Patronat a Gewerkschaften zesummen eng Léisung fannen.