Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Brauche méi Qualitéit am Lëtzebuerger Fussball"

Fussball

"Brauche méi Qualitéit am Lëtzebuerger Fussball"

Méi Qualitéit an de Club-Strukturen a méi Qualitéit an den Infrastrukturen. Dat ass fir de Romain Schumacher, President vum F91 Diddeleng, de Schlëssel fir de Lëtzebuerger Fussball-Championnat um ieweschten Niveau besser, an doduerch méi attraktiv ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Romain Schumacher

Eng professionell Liga op d'Been ze stellen dierft an deem klenge Lëtzebuerger Kontext schwéier, wann net souguer onméiglech ginn, seet de Romain Schumacher. D'FLF wier elo gefuerdert, fir de Lead ze iwwerhuelen. Firwat d'FLF dat bis ewell net gemaach huet, weess hien net. "Ech mengen, mir hunn eng Spëtzt an der Federatioun, déi technesch héich kompetent ass, awer wou ech net sou sécher sinn, datt se héich kompetent ass, wat de Business Fussball ugeet."

D'FLF géif net genuch Efforte maachen, fir d'Qualitéit vum Championnat ze verbesseren. Dofir wieren d'Clibb selwer gefuerdert, an och d'Ligue, an där d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun sech zesummegedoen hunn. Et kéint een nëmmen Erfolleg hunn, wann alleguer d'Clibb zesummenhale géifen, seet de Romain Schumacher.

De Federatiouns-President Paul Philipp géif zécken, sech ze vill op d'Säit vun de grousse Veräiner ze stellen, fir déi Kleng net ze trëppelen, vun deenen op Kongresser jo och méi Stëmmen ze kréie sinn.

Sträit ënnert de Veräiner

Nëmmen hunn déi am Moment jo Zodi ënnereneen: d'Fola an de Progrès Nidderkuer hunn d'Strategie vum F91, fir seng Spiller un aner Veräiner ze verléinen, rezent hefteg kritiséiert an d'Ligue aus Protest verlooss.

Den F91 hätt näischt gemaach, wat an iergend enger Form contraire zu de Statute wier, seet de President vum F19 Diddeleng. Et kéint een awer doriwwer diskutéieren, ob et "deontologesch fundéiert wier, fir elo eng iwwerdriwwen Zuel vu Spiller un e Club ze verléinen".

"Ech muss Iech och éierlecherweis soen, datt ech hoffen, datt déi Leit, déi ob eemol ugefaangen hunn an eisem Kontext vun Ethik ze schwätzen, d'Strooss halen, wann ech op eemol e puer Froen zur Ethik - besonnesch vun deenen zwee Veräiner - wäert stellen."

Säin Tipp fir de Match vu den Donneschdeg den Owend am Stade Josy Barthel ass eng 1-2-Néierlag géint den AC Milan. En Debakel fäert hien net, hie wëllt awer net ganz ausschléissen, datt seng Equipe am Laf vun där europäescher Campagne och emol eng Kéier ënner d'Rieder geréit.