Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech stinn hannert dem nationale Vermummungsverbuet"

Verschleierung

"Ech stinn hannert dem nationale Vermummungsverbuet"

Déi ganz Regierung dréit de Gesetzprojet iwwert d'Vermummungsverbuet, esou de Felix Braz. Op enger Klausur am Senninger Schlass d'lescht Joer hat sech de Justizminister eisen Informatiounen no nach staark géint esou e Gesetztext ausgeschwat.

auto_stories

2 min

Felix Braz

De Felix Braz dementéiert dat net, mä trotzdeem hätt seng Positioun sech net grondleeënd verännert. "Ech war ëmmer dogéint, datt mir en nationalen Text maachen. Sou laang déi kommunal Reglementatioun, déi ech als gutt genuch ugesinn hunn, och Bestand hätt". Spezifesch déi reliéis motivéiert Vermummung duerch Burka oder Niqab hätt een allerdéngs net eleng opgrond vun de Gemengereglementer kéinte verbidden, esou de Justizminister.

Fir, oder géint e Vermummungsverbuet?

Trotz där Ausso gesäit de Justizminister dat zukünftegt Vermummungsverbuet net als Anti-Burka-Gesetz, mä e Gesetz, dat déi ganz Gesellschaft géif viséieren. D'Regierung hätt sech fir en equilibréierten Text entscheet. Een Text, deen engersäits géif dem sougenannte "vivre ensemble", also der Aart a Weis, wéi een zesumme lieft, anerersäits dem Grondrecht op Reliounsfräiheet Rechnung géif droen.

"Et gëtt natierlech Leit, déi haaptsächlech déi moslemesch Communautéit am Viséier hunn. Dëst Gesetz ass net fir déi dote Leit gemaach. Déi puer Fraen, déi duerch d'Gesetz wäerte viséiert ginn, sollen dat Gesetz net als Akt géint Si ophuelen"

"Keen Anti-Burka-Gesetz"

E Problem vum sougenannte "vivre ensemble" gesäit de Justizminister zu Lëtzebuerg awer net. Et géif scho laang e Besoin an der Gesellschaft an an der Politik ginn, fir iwwert d'Vermummungsverbuet ze diskutéieren, mengt de Felix Braz. "Et ass eng Diskussioun, déi net laanscht d'Parteie geet, mä queesch duerch all d'Parteien."

Datt de Koalitiounspartner an LSAP-Parteipresident Claude Haagen de Sujet am November 2015 no de Paräisser Attentater nees an de Mëttelpunkt gestallt huet, an och, datt d'Oppositioun weider Drock gemaach huet, hätt näischt mat der Decisioun vun der Regierung ze dinn.