Radioen

On air

Tockcity  |  Sleater-Kinney - Say It Like You Mean It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Breet Schëllere ginn net belaascht"

Steiergerechtegkeet

"Breet Schëllere ginn net belaascht"

D'Staatsbeamtegewerkschaft hält méi Steiergerechtegkeet fir eng Prioritéit vun der nächster Regierung. De Romain Wolff, President vun der CGFP, kritiséiert besonnesch, datt Kapitalrevenue wesentlech manner besteiert gi wéi Salairen.

auto_stories

4 min

De Romain Wolff fuerdert, datt Stock Options gesetzlech gereegelt an duebel sou héich wéi aktuell besteiert ginn.

Konkret fuerdert de Romain Wolff, datt d'Besteierung op sougenannte Stock Options verduebelt gëtt, an datt déi spezialiséiert Investmentfonge méi besteiert a reguléiert ginn. D'Mëttelschicht géif vill Steiere bezuelen a bei sou Fonge géife praktesch bal näischt u Steieren ufalen, esou d'Kritik vum CGFP-President. "Do gëtt ëmmer vun deene breede Schëllere geschwat, mee en Fin de compte ginn déi awer hei net belaascht."

Speziliséiert Investmentfongen (FIS) mussen eng Taxe d'abonnement vun 0,01 Prozent bezuelen. Datt grouss Lëtzebuerger Baupromoteuren vu spezialiséierte Fonge profitéieren, fir hir Immobilieprojeten ze geréieren, wollt de Romain Wolff net weider kommentéieren: Et géif hei net drëms goen Leit ze kritiséieren, mee de System a Fro ze stellen. Zum Dechet fiscal bei de spezialiséierten Investmentfonge kéint hie keng genee Chifferen op den Dësch leeën, mee de Romain Wolff geet dovun aus, "datt et do ëm ganz vill Geld geet".

Stock Options per Gesetz reegelen

D'Steieravantagë fir Stock Options (Optiounen op Aktien, déi Besserverdénger als Deel vun hirer Pai kënne kréien) misste per Gesetz gereegelt ginn, fir verfassungskonform ze sinn. Momentan géif et heifir just eng Circulaire administrative ginn, an dat géif net duergoen.

D'CGFP géif sech och scho méi laang mat der Steierklass 1A befaassen. Wa Leit aus dëser Steierklass e bësse méi géife verdéngen, da géife si wéi an der Steierklass 1 besteiert ginn. "Duerfir fuerdere mir och do, datt déi Leit an d'Steierklass 2 solle kommen." Obwuel d'Regierung eng Steierreform gemaach huet a gesot hätt, datt si vill fir d'Steierklass 1A gemaach hätt, hätt ee vill méi kënne maachen, esou de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft.

Sozialkonflikt mat der Spuerkeess

Am Sozialkonflikt bei der staatlecher Spuerkeess wier nach keng Decisioun gefall, wéi et virugeet. D'CGFP wëllt de Moien decidéieren, wéi se op d'Propose vum Mediateur reagéiert. Fir de Romain Wolff ass déi Offer inakzeptabel. Zur Fro, ob de Konflikt op ee Streik erausleeft, seet de Romain Wolff: "Eppes muss geschéien". Haaptknackpunkt sinn déi automatesch Avancementer am Kader vum Gehälter-Akkord an der Fonction publique vun 2015. Am Ufank wier gesot ginn, datt et déi Avancement automatiquen "an alle Fäll" géif ginn, mee et wier ee sech awer méi no komm, an d'CGFP wier op d'Spuerkeess zougaangen:

"Mir sinn eis méi nokomm iwwer ee Reglement, deen et an der Spuerkeess gëtt, wou et och Specificitéite gëtt. Déi sinn och vun der Gewerkschaft unerkannt ginn. Mee mir hunn awer gesot, op deene Punkte wou kloer ass, datt déi Avancementer misste geschéien: 'W.e.g. ëmsetzen.' An dat maache si net, an dat kritiséiere mir elo."

Zanter datt dem Mediateur seng Propos um Dësch läit wier kee vun der Regierung op d'CGFP zoukomm. "Et ass iwwerhaapt näischt geschitt", seet de Romain Wolff. "An ech mengen, eppes muss geschéien." Op d'Fro hin, ob et kéint zu enger Eskalatioun a méiglecherweis engem Streik erauslafen, seet de Romain Wolff, datt et keng Alternativ wier, fir näischt ze maachen. Hie kéint awer net soen, wat geschitt. Dat misst de Comité vun der Gewerkschaft entscheeden.

D'Personalvereenegung bei der Spuerkeess verlaangt vum Direktiounscomité, datt d'Mesuren aus der Reform retroaktiv op den 1. Oktober 2015 sollen transposéiert ginn. Schätzungen no wieren iwwer 1.000 Mataarbechter vun den Dispositiounen, wat de Befërderungssystem ugeet, concernéiert.

Der Spuerkeess no géif dës Zuel net der Realitéit entspriechen: Ëm wéi vill Mataarbechter et geet, wollt d'Bank eis awer net soen. Déi staatlech Bank beschäftegt alles an allem ronn 1.600 Leit.


Update um 13:40

D'CGFP deelt an engem Communiqué mat, datt si de 27. November 2018 um 12:30 Auer virum Haaptsëtz vun der Spuerkeess op der Place de Metz e Protestpiquet organiséiert. Weider wëll d'Staatsbeamtegewerkschaft bei hire Memberen de selwechten Dag eng Ëmfro bei hiren 1.800 Membere wëll lancéieren, fir hir Meenung zu de Virschléi vum Mediateur ze froen.