Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréifwahl: Vereinfachte System, méi eng grouss Demande

Chamberwahlen 2018

Bréifwahl: Vereinfachte System, méi eng grouss Demande

Fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober kann neierdéngs jiddwereen, deen d'Wahlrecht huet, vun der Bréifwahl Gebrauch maachen. Duerch eng Ännerung vum Wahlgesetz, déi den 28. Februar an der Chamber gestëmmt gouf, ass d'Bréifwahl méi einfach gemaach ginn. Domat soll och erreecht ginn, datt méi Leit wiele ginn.

auto_stories

5 min

D'Bréifwahl war an der Vergaangenheet nëmme méiglech fir Leit iwwer 75 Joer. Fir Leit, déi am Ausland wunnen, oder fir Leit, déi sech aus perséinlechen oder professionelle Grënn um Wahldag net konnten an de Wahlbüro deplacéieren. Si hunn dat bis elo justifiéiere missen, andeems se Dokumenter - wéi Krankeschäiner, Reesticketen oder aner Excusen - bei d'Demande fir d'Bréifwahl hu missen derbäi leeën.

Dat gouf elo fundamental geännert, erkläert am Staatsministère d'Anne Greiveldinger, déi d'Ännerunge vum Wahlgesetz ausgeschafft huet. Déi wichtegst Neierung wier, datt elo all Wieler d'Bréifwahl kann ufroen, ouni eng Begrënnung mussen ze ginn.

Doduerch wéilt een dem Wieler entgéint kommen a fir méi Flexibilitéit suergen. Fir déi administrativ Prozeduren ze vereinfachen, sou datt et sech am Fong ëm eng Simplification administrative handelt.

Der Tendenz vum Net-Wielen entgéintwierken

D'Vereinfachung a Verallgemengerung vun der Bréifwahl huet nach en aneren Zweck. Bei de Chamberwahlen 2013 haten nämlech 15 Prozent vun de Wieler keng Stëmm ofginn, sot de Premier Xavier Bettel den 28. Februar an der Chamber, den Dag wou d'Wahlgesetz-Ännerunge mat der Bréifwahl-Vereinfachung ugeholl goufen. De Rapporter vum Gesetzprojet, den Eugène Berger (DP), hat deemools och kloer gesot.

"D'Statistik weist eng Tendenz, datt leider ëmmer méi Bierger net an der Wahlkabinn optauchen, obwuel si missten hirer Wahlflicht nokommen. Mir wëssen och, datt do gewéinlech keng Poursuitte sinn. Mir haten och an der Chamber-Kommissioun eng Diskussioun fir ze kucken, datt dee Phenomen nach eng Kéier genee misst analyséiert ginn. Mee et erhofft ee sech natierlech och doduerch, datt d'Bréifwahl vereinfacht gëtt, datt een dann och där Tendenz kéint entgéintwierken."

Méi Demandë fir Bréifwahl

D'Demande fir d'Bréifwahl huet scho virun der Vereinfachung an de leschte Joren zougeholl: 2009 hu 5,5 Prozent vun de Wieler per Bréifwahl gewielt; 2013 waren et scho 7,65 Prozent, oder 16.731 Leit. A beim Referendum 2015 waren et 8,76 Prozent, oder 18.837 Wielerinnen a Wieler, déi per Bréifwahl gewielt haten. Fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober gëtt elo erwaart, datt nach méi Leit d'Bréifwahl wäerte gebrauchen.

Bréifwahl-Wieler ginn och an der Wahlcampagne viséiert. Bei der DP zum Beispill. reporter.lu huet an engem Artikel dorop higewisen. En DP Facebook Video iwwer Bréifwahle viséiert geziilt Lëtzebuerg am Ausland. An där géif et haut méi gi wéi nach 2013. Iwwer 60.000 Lëtzebuerger géifen am Ausland liewen an dierfte bei de Chamberwahle mat ofstëmmen, sou reporter.lu. Zu hinne géifen och 14.000 Lëtzebuerger gehéieren, déi d'Nationalitéit kruten, well ee vun hire Virfahre virum Joer 1900 scho Lëtzebuerger war. Bei de Wahlen 2013 hätt et dëser sougenannter "neier Lëtzebuerger" 4.000 ginn; haut wieren et der ronn 10.000 méi.

Risiko a Konditiounen

Bei der vereinfachter Bréifwahl géif et awer och Risike ginn, huet de Staatsrot gewarnt. Et kéinten Abuse ginn, well zum Beispill eng aner Persoun wéi de Wahlberechtegten de Bulletin ausfëllt. An d'Confidentialitéit vum Vott wier manner garantéiert.

Wéi fonctionnéiert d'Bréifwahl? Déi allgemeng Konditioune sinn elo déiselwecht, wéi wann een an de Wahlbüro geet. Déi zwou wichtegst Konditioune sinn: Et muss een d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn an um Wahldag 18 Joer al sinn.

Fir d'Bréifwahl muss een dann och nach d'Delaie respektéieren, déi elo erweidert goufen. D'Demande fir d'Bréifwahl kann een deemno schonn zanter dem 23. Juli maachen (zwielef Woche virum Wahldag), an, wann een zu Lëtzebuerg wunnt, spéitstens bis de 19. September (oder 25 Deeg virun de Wahlen). Fir Leit, déi am Ausland liewen, ass dee leeschten Delai fir d'Demande de 4. September.

Wéi d'Bréifwahl ufroen?

D'Demande fir Bréifwahl mécht een iwwer ee Formulaire. Dee kritt ee bei der Gemeng, wou een ugemellt ass. Et kann een e bei d'Gemeng siche goen, oder e schrëftlech ufroen - a ville Gemengen och op hirem Internet Site.

Fir déi éischte Kéier kann een de Formulaire fir d'Bréifwahl unzefroen awer och scho komplett um Internet ausfëllen, um Site guichet.lu. Och Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, kënnen dat maachen. Si mussen awer, sou wéi jiddwereen deen dat mécht, eng securiséiert digital Ënnerschrëft kënne maachen - mat engem Luxtrust Certificat an Token zum Beispill, oder mat enger Carte d'Identité, déi 2014 oder duerno ausgestallt gouf, an op där de Certificat drop ass. Wann een d'Carte d'Identité hëlt, brauch een och ee Lecteur.

Zousätzlech Dokumenter muss een awer, wéi gesot, net méi bei d'Demande bäileeën. Ausser fir Wieler, déi am Ausland wunnen: Si mussen eng Kopie vun hirem Pass derbäi ginn.

Deen ausgefëllte Formulaire geet dann un d'Gemeng. De Schäfferot kuckt, op alles stëmmt. Wa jo, gëtt de Wahlziedel, mat Retour Enveloppe, heem geschéckt. Dat spéitstens 15 Deeg virun de Wahlen (oder de 29. September), wann een zu Lëtzebuerg wunnt, a spéitstens 30 Deeg virdrun (oder de 14. September) wann een am Ausland lieft.

Spezificitéite fir Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen

Deen ausgefëllte Wahlbulletin muss da spéitstens virun zwou Auer mëttes um Wahldag am Wahlbüro ukommen. De Wahlbulletin muss neierdéngs net méi per Recommandé geschéckt ginn.

Fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, gëtt d'Anne Greiveldinger nach dës Präzisiounen:

"Wann ee kee Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, muss ee wiele bei der Gemeng, wou ee fir d'lescht säi Wunnsëtz hat; wann een ni e Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hat, ass et bei der Gemeng, wou ee gebuer ass. A wann een net zu Lëtzebuerg gebuer ass, da wielt een d'office an der Gemeng Lëtzebuerg."

Sief nach bemierkt, datt Lëtzebuerger, déi am Ausland domiciliéiert sinn a vun de Bréifwahl kënne Gebrauch maachen, net musse wielen, well si kee Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an doduerch der Wahlflicht net ënnerleien.

Fir Leit, déi blann sinn oder eng visuell Aschränkung hunn, ass eng Schabloun disponibel. Déi Schabloune gëtt et an de Wahlbüroen, mee déi Betraffe kréie se och heem geschéckt, sou nach d'Anne Greiveldinger am Staatsministère. Den Educatiounsministère hätt déi Schablounen zesumme mam IDV ausgeschafft - dem Institut pour Déficient Visuels, dee sech dorëms këmmert.