Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Brexit ass eng Chance fir de Secteur"

Assurancen

"Brexit ass eng Chance fir de Secteur"

De Standuert Lëtzebuerg huet vill Avantagen am Verglach zu Konkurrente wéi Frankfurt oder Dublin, seet de Marc Hengen. Dozou géifen déi international Communautéit an de reglementaresche Kader genau sou wéi d'Erfahrung am Secteur gehéieren. Datt déi grouss Assurancen awer hiert ganz Personal matbréngen, hält den Administrateur-délégué vun der Assurancen-Associatioun ACA fir onwahrscheinlech.

auto_stories

2 min

De Marc Hengen, President vum Direktiounscomité vun der ACA

Un éischter Linn wieren et d'Generaldirektiounen, déi op Lëtzebuerg géife kommen. "Hei ginn dann d'Decisiounen geholl, wéi d'Organisatioun an den anere Länner soll ausgesinn", sou de Marc Hengen. "Dat ass e System, dee jo an anere Beräicher scho besteet. Dat heescht net, datt een déi Servicer, déi no um Client sinn, dann och elo muss re-lokaliséieren." Dat wier an den aktuelle Pläng och net de Fall.

Ënnert anerem d'Spezial-Versécherung CNA Hardy an déi amerikanesch AIG verleeën hire Sëtz an de Grand-Duché. "Wat bei deenen Assurancen ëmmer nees als Argument koum, war dat internationaalt Environnement vum lëtzebuergesche Standuert", erkläert den President vum Direktiounscomité vun der ACA. Datt d'Reglementatiounen op Entreprisen aus verschiddene Länner ausgeluecht an d'Kommunikatioun mat den Autoritéiten a verschiddene Sprooche méiglech ass, hätt och Gewiicht.

Brexit: Eng Chance

Et kéint also och gutt sinn, datt wann de Brexit bis finaliséiert ass, nach weider Firme sech fir Lëtzebuerg decidéieren. "Am Endeffekt maachen déi Assurancen awer hir Decisioun selwer. Mir als Associatioun vun den Assurance rekrutéiere si net", seet de Marc Hengen. Wann awer eng Ufro no Informatiounen oder Hëllef kéim, wier een do fir z'ënnerstëtzen.

"Et muss een och bedenken, datt zu Lëtzebuerg de ganzen Environnement jo schonn do ass. Mir hunn Affekoten, Berodungsbüroen a Fongen." Dat wieren alles Servicer, déi ee net méi misst opbauen. "Déi Spezialitéiten kréien elo nees Opmierksamkeet, well international Acteuren se eraussichen."

Fir de Marc Hengen ass de Brexit deemno eng Chance, awer gläichzäiteg och en Challenge. "Chance an deem Sënn, datt mer bewise kréien, datt eise Modell unerkannt ass a funktionéiert." Well de System awer weider muss ausgebaut ginn an all d'Acteure soll zefridde stellen, géif een sech awer och dorops astellen.

Reforme wéinst Klimawandel

Net just de briteschen EU-Austrëtt, mee och de Klimawandel wier eng Erausfuerderung fir den Assurancë-Secteur. "Bei de schwéieren Onwieder am Summer lescht Joer hu mer gemierkt, datt mer zu Lëtzebuerg net op enger Insel liewen. Et kann och hei zu schwéieren Ëmweltkatastrophe kommen", sou de Marc Hengen. An deem Ausmooss wier et sou schwéier Schied nach net ginn.

"Doropshin hu mer mat der Regierung Léisunge gesicht an och fonnt." Sou misst vun dësem Mount u bei all Brandversécherung och Iwwerschwemmunge couvréieren. "Et sinn also konkret Fortschrëtter gemaach ginn."