Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Eng Dosen Entreprisë kommen op Lëtzebuerg

Finanzplaz

Brexit: Eng Dosen Entreprisë kommen op Lëtzebuerg

Ënnert anerem déi amerikanesch Assureuren AIG an FM Global hätten annoncéiert eng Filial zu Lëtzebuerg opzemaachen, esou de Nicolas Mackel vu Luxembourg for Finance. Wéi vill Aabechtsplazen doduerch entstinn wär awer nach nët kloer.

auto_stories

2 min

Enger Prognos vum Statec no, kéint de Brexit och negativ Auswierkungen op d’Lëtzebuerger Finanzplaz hunn: Deemno kéinten eng 600 Aarbechtsplazen hei am Land verluer goen, wann d’Geschäft mat Groussbritannien abrécht. De Chef vun der Promotiounsagence Luxembourg for Finance seet dat wär eng “maximal negativ Aschätzung”. Groussbritannien wär effektiv och fir Lëtzebuerg "ee wichtege Marché", esou de Nicolas Mackel. Dofir wär et “och net gutt wa mir keen Accès méi zu England” hätten.

Verschidde Facteure géifen awer éischter drop hindeiten, datt duerch de Brexit zousätzlech Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschaaft ginn. Eng Dosen Entreprisen hätte mëttlerweil decidéiert op Lëtzebuerg ze kommen, dorënner ënnert anerem déi amerikanesch Assureuren AIG an FM Global, esou de Nicolas Mackel. Aner Entreprisë wollt hien nach net nennen, well si hir Decisioun nach net public gemaach hunn.

Wei vill Aarbechtsplazen entstinn ass “net relevant”

De CEO vu Luxembourg for Finance seet och et wär nach net kloer wei vill Aarbechtsplazen duerch déi nei Filialen zu Lëtzebuerg entstinn. D’Zuel vun den Aarbechtsplaze wär fir seng Promotiounsagence och “net relevant”. Luxembourg for Finance géif sech nämlech an éischter Linn drop konzentréieren, wéi eng Zort vun Entreprisen ee kéint op Lëtzebuerg bréngen – dat wäre virun allem Banken, Fongen-Entreprisen an Assureuren.

D’Haaptargument fir Entreprisen dovun z’iwwerzeegen op Lëtzebuerg ze komme wär d’Stabilitéit, esou de Nicolas Mackel. Dat wär en “extrem wichtegt Verkafsargument, virun allem an enger Welt, wou et politesch an ekonomesch Onsécherheete gëtt”. E Problem wär awer, datt Lëtzebuerg dacks als e kléngt Land ugesi gëtt, wou et schwéier ass “déi néideg Talenter” ze fannen. Fir dem entgéint ze wierken, misst een d’Entreprisen iwwerzeegen, datt Lëtzebuerg “keng Insel ass”.