Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: "Hope for the best, plan for the worst"

Auswierkunge vum Brexit

Brexit: "Hope for the best, plan for the worst"

Lëtzebuerg mécht weider Efforte fir Firmen op Lëtzebuerg unzezéien, déi wéinst dem Brexit Aktivitéiten an aner EU Länner wëlle verleeën. Mee d'Zäit, bis zum EU-Austrëtt vu Groussbritannien, Enn Mäerz 2019, gëtt knapp. An d'Méiglechkeet vun engem No-Deal Brexit, also engem Austrëtt ouni Accord, gëtt méi wahrscheinlech. De Pierre Reyland huet mam Tom Theobald, Vize-Generaldirekter vu Luxembourg for Finance, geschwat.

auto_stories

5 min

Pierre Reyland: De Finanzminister Pierre Gramegna hat an enger rezenter Chamberdebatt iwwer de Brexit gesot, datt scho 37 Firmen hire Sëtz vu London op Lëtzebuerg verluecht, respektiv hir Filialen hei verstäerkt hätten. Ouni Brexit-Accord géifen dat der nach méi ginn. Vun dëser Méiglechkeet oder dëser Wahrscheinlechkeet vun engem sougenannten No-Deal gëtt elo a Groussbritannien ëmmer méi geschwat.

Wéi eng Auswierkungen huet dat op är Kontakter a Gespréicher mat Betriber, déi iwwerleeë vu London op Lëtzebuerg ze kommen oder Aktivitéiten heihinner ze verleeën?

Tom Theobald: D'Betriber a Groussbritannien hunn zanter dem Ufank vum Brexit d'Astellung, wéi een op englesch seet, "Hope for the best, plan for the worst". Dat heescht, datt d'Entreprisë scho laang intern Decisioune geholl hunn, fir e gewëssenen Deel vun hiren Aktivitéiten an Europa ze bréngen. Déi meescht Entreprisen hunn dat awer nach net ëffentlech annoncéiert. Et gëtt mëttlerweil awer méi Drock, fir déi Pläng ëffentlech ze maachen a fir scho mat de Regulateuren ze schwätzen, well et eng gewëssen Zäit brauch, bis een den néidegen Agrement huet.

P.R: Wéi vill Zäit bleift den Entreprisen elo dann iwwerhaapt nach?

T.T: Fir déi Entreprisen, déi hir Demarchë beim Regulateur elo nach net gemaach hunn, fänkt et un enk ze ginn. Dat bestätegen och verschidde Kommunikatioune vun den europäeschen Entitéiten a vun den nationale Regulateuren. Wann dir zum Beispill eng Bank hutt, déi op ville Marchéen aktiv ass, déi enorm Zomme geréiert, an déi eng komplex Struktur huet, dann ass et ganz kloer, datt eng Diskussioun mam Regulateur Zäit brauch. De Regulateur muss verstoen, wéi déi Bank schafft a wat fir eng Risike se ageet. Dofir hunn d'Regulateuren och gesot, datt et elo Zäit wier, fir den Dossier anzereechen.

P.R: Sinn nei Betriber dobäikomm, elo wou deen Drock méi grouss ginn ass, déi soten: Mir si wierklech elo méi drun interesséiert, fir op Lëtzebuerg ze kommen?

T.T: Déi Entreprisen, mat deene mir geschwat hunn, déi sech nach net sécher sinn, schwanken deelweis nach tëscht dem Choix vun der Juridiktioun. Dat gëllt awer virun allem fir méi kleng Entreprisen am Beräich Fintech. Mir erwaarden eis, datt iwwer déi nächst Wochen a Méint nach vill Annoncë komme fir Lëtzebuerg, mee och fir aner Juridiktiounen.

P.R: Kënnt Dir elo scho bësse méi konkret ginn an Zuelen oder Nimm nennen?

T.T: Nee, mir kënne momentan keng Nimm erausginn. Mee et kommen nach eng Rei Entreprisen, déi sech wäerte fir Lëtzebuerg entscheeden.

P.R: Dee Moment stellt sech och d'Fro vun der Substanz. Schafen déi Entreprisen nei Aarbechtsplazen, oder brénge se hir Leit mat, respektiv brauche se guer keng Leit.

T.T: Sécher brénge verschiddener Leit mat, mee ganz vill gëtt natierlech och lokal rekrutéiert, virun allem am Beräich Risk Management an am Beräich Compliance. Et ass wichteg, datt d'Decisiounen zu Lëtzebuerg kënne geholl ginn, an d'Risiken effikass iwwerwaacht ginn. Dat hänkt vum Geschäftsmodell of. Do gëtt et keng fix Zuel, wéi vill Poste wäerte geschafe ginn, oder wéi vill Emploie wäerten op Lëtzebuerg transferéiert ginn.

P.R: Wie sinn déi 37 Firmen, déi bis ewell annoncéiert hunn op Lëtzebuerg ze kommen?

T.T: Dat si ganz verschidden Entitéiten: Eelef Assureuren, ganz vill Fongmanager, souwuel am Retailberäich, wéi och am Alternativberäich. Private Equity Haiser, verschidde Banken, notamment déi grouss US-amerikanesch Northern Trust, J.P. Morgan a City. Et ass awer och déi eng oder aner Fintechentreprise dobäi, notamment am Beräich vun de Payementer.

P.R: Et gouf ëmmer gesot, datt Lëtzebuerg eng manner aggressiv Strategie géif féieren, fir Betriber nom Brexit heihinner ze zéien, wéi vläicht aner Länner. Wann een awer d'Resultater kuckt, da kéint een den Androck kréien, wéi wann déi Strategie vläicht awer méi aggressiv geféiert gouf, wéi dat no bausse gesot gouf.

T.T: D'Betriber am Finanzberäich unzéien ass d'Aufgab vu Luxembourg for Finance, ob dat elo am Kontext Brexit ass, oder net. Brexit huet eigentlech just de Kontext geännert. Et sinn do och proaktiv méi Ufroe komm.

P.R: Wat ass elo är Strategie, fir déi puer Méint déi nach bleiwen, éier et Enn Mäerz 2019 zum Brexit kënnt?

T.T: Een Deel vun eiser Strategie ass et erauszegoen, an d'Entreprisen ze iwwerzeegen, op Lëtzebuerg ze kommen. Dat wäerte mir och weiderhi maachen, net nëmmen zu London, mee och zum Beispill a China, a Japan, oder an de Vereenegte Staaten. Eis Strategie ännert elo net, well mir elo méi no um Brexit-Datum sinn.

P.R: Ginn et dann nach wichteg Rendez-vouse bis dohinner?

T.T: Mir ginn am September nach a China, am Dezember op Paräis, dotëscht si mir a verschiddenen anere Marchéen aktiv, inklusiv natierlech London.

P.R: Wa Groussbritannien ouni Accord géif aus der Europäescher Unioun austrieden, wat géif dat fir d'Lëtzebuerger Banken- a Finanzplaz bedeiten?

T.T: Deen Zeenario ass fir jiddweree schlecht, virun allem awer fir Groussbritannien. Dat ass ganz kloer. Et ass am Interêt vun deenen zwou Säite fir een Accord ze fannen. Lëtzebuerg wäert dovu grad sou betraff sinn, well och Groussbritannien fir eis en Exportmaart ass. Sief et an den Assurancen, de Fongen oder am Bankeberäich.