Et ass alles anescht wéi gebongt fir d'Theresa May, knapps dräi Woche méi virum 29. Mäerz, sinn nach ëmmer puer Zeenarie méiglech.
Den Dënschdeg stëmmt d'Parlament nach emol iwwer de Brexit-Accord of. Déi éischte Kéier, Mëtt Januar, war deen Accord jo massiv rejetéiert ginn. Zanter zwee Méint huet d'Theresa May elo probéiert, vun der EU Concessiounen ze kréien, mat deenen si d'Deputéiert kéint iwwerzeege fir de Brexit-Deal ze stëmmen. Bis elo allerdéngs ouni Succès. An awer kéint si den Dënschdeg méi Ënnerstëtzung beim neie Vott kréien. Verschidde Brexit-Supporter kéinten nämlech elo realiséiert hunn, datt dëst déi lescht Offer ass, déi si wäerte kréien, fir d'EU ze verloossen. An da léiwer den Accord akzeptéieren, wéi de Risiko lafen, datt et kee Brexit gëtt.
D'EU, hirersäits, hätt gäre kloer Verhältnisser bis d'Europawahlen. An dofir kéint et och sinn, datt Bréissel awer nach, a leschter Minutt, Concessioune kéint maachen.
Optioun 1: D'Deputéiert huelen den Accord un a Groussbritannien trëtt aus
Wann déi britesch Deputéiert de Brexit-Deal den Dënschdeg géifen unhuelen, da ka Groussbritannie gereegelt a mat enger Transitiounsphas aus der EU austrieden. Mee och an deem Fall kann et sinn, datt den Austrëttsdatum verréckelt gëtt, well et elo schonn ze knapps ass, fir nach bis den 29. Mäerz, déi néideg legislativ Texter opzesetzen. Deemno kéint den Datum, och am Fall, wou den Dënschdeg fir den Accord gestëmmt géif ginn, awer nach ëm e puer Woche verréckelt ginn.
Optioun 2: Brexit ouni Accord
Wann d'Deputéiert awer elo muer géint de Brexit-Accord stëmmen, da gëtt et ee weidere Vott e Mëttwoch. An deem Vott freet d'Theresa May d'Deputéiert, ob si d'EU ouni Accord wëlle verloossen. Méiglech wier dat, well et Deputéiert ginn, déi fervent Brexit-Fans sinn, an déi léiwer keen Austrëtts-Accord hunn, wéi e schlechten.
Et kann awer och sinn, datt bei engem Vott e Mëttwoch, refuséiert gëtt, d'EU ouni Accord ze verloossen, an deem Fall ass dann nach en drëtte Vott en Donneschdeg virgesinn. An do stëmmen si doriwwer of, ob si de Brexit wëlle verréckelen.
Optioun 3: Verréckele vum Brexit
An deem Zeenario stellt sech d'Fro: wéi laang kann een deen Datum verréckelen? Bis den 2. Juli dierft u sech kee Problem sinn, dat ass den Dag, wou dat neit EU-Parlament, dat jo am Mee gewielt gëtt, inauguréiert gëtt.
Mee, wat soll an dräi, véier Méint geschéien, wat net elo scho probéiert gi wier, froen d'Analysten. Wann d'Britten also gär de Brexit-Datum verréckelen, da kéint d'EU hinne proposéieren, carrement ee Joer oder méi ze waarden, fir dann eng richteg Alternativ auszeschaffen.
Wann den Austrëttsdelai nom 2. Juli wier, da géif et méi problematesch ginn, dann nämlech misst Groussbritannien Europawahlen organiséieren, well et dee Moment jo nach Member vun der Europäescher Unioun ass, wann d'Wahle sinn.
Optioun 4: En zweete Referendum
Da gëtt et nach eng aner Optioun: en zweete Referendum. Fir déi Optioun setze sech eng Dose pro-europäesch Deputéiert an. De Labour-Chef Jeremy Corbyn ass an Tëschenzäit och dofir.
Mee d'Theresa May refuséiert een neie Referendum, well an deem Fall de Brexit reportéiert an Neiwahle missten organiséiert ginn.
Ee vun dësen Zeenarien, oder vläicht nach en aneren, wäert sech dës Woch op der britescher Insel ofspillen. Et bleift also spannend.