Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy "Bo" Horne - Is It In

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit: Eng méi laang Iwwergangszäit soll hëllefen

EU-Sommet

Brexit: Eng méi laang Iwwergangszäit soll hëllefen

De Brexit réckelt ëmmer méi no: Den 29 Mäerz 2019 trëtt Groussbritannien aus der EU eraus. Dat steet fest. Nach net gekläert ass, ënnert wéi enge Konditiounen dat geschéie wäert. Um EU-Sommet gouf doriwwer diskutéiert, et ass een awer net wierklech viru komm. Et zeechent sech of, datt elo eng méi laang Iwwergangszäit gëlle soll. Onkloer ass awer ob dat d'Problemer, déi nach am Raum stinn, léise wäert.

auto_stories

3 min

Um Sommet am Oktober sollen Neel mat Käpp gemaach ginn. Dat gouf zanter Méint vun EU Staats- a Regierungscheffe gesot. Gemengt war: bis dohi muss ee mat de Brexit-Verhandlungen decisiv virukomm sinn. Bis dohi muss eng Léisung fir déi zwee Haapt-Problemer, nämlech den EU-Bannemaart an d'Grenz tëscht Nordirland an Irland, fonnt gi sinn.

Juncker: "Méi optimistesch wéi déi lescht Woch"

Dat ass net de Fall - an et ass erstaunlech, datt trotzdeem op dësem EU-Sommet deen een oder anere probéiert huet, Optimismus ze verbreeden. Däitschland wielt gutt Relatioune mat Groussbritannien a si géif mam Geescht un d'Saach erugoen, fir séier een Accord ze fannen, sot déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel vrun der Entrevue mat der britescher Premier-Ministerin.

Mat hir hat den EU-Kommissiounspresident eng Stonn laang eleng geschwat. Hie wier gudder Déng, sou och de Jean-Claude Juncker no där Entrevue. Hie wier elo méi optimistesch wéi nach déi lescht Woch.

Alles dréint sech em Baseball

Wat déi iresch-nordiresch Grenz ugeet, gëtt an den Diskussiounen ëmmer nees iwwert ee sougenannte Backstop geschwat. Dat Wuert kënnt aus dem Baseball.

Et steet fir d'Netz, wat hannert deem, deen de Ball fänke soll opgespaant ass. Ee Sécherheetsnetz, wat dofir suergt, dat kengem aneren dee Ball an de Kapp flitt, wann e net gefaange gëtt.

An der Diskussioun ronderëm de Brexit hunn déi 27 - virop natierlech Irland - esou ee Backstop gefrot, fir de Fall, datt Groussbritannien schonn aus der EU eraus ass, et awer nach keen Accord iwwer déi zukünfteg Relatioun gëtt. Dee Backstop géif da garantéieren, datt et net zu enger haarder Grenz mat Irland kënnt.

Wat ee méi doriwwer schwätze géif, wat d'Leit manner versti wat domat gemengt ass, sot dozou de Kommissiounspresident.

Backstop am beschten ni benotzen

D'Saach weider opschuppe schéngt elo d'Léisung ze sinn. "Et zeechent sech of, datt Groussbritannien fir eng länger Zäit an enger Iwwergangsperiod an an der Zollunioun bleift. Da stellt sech déi Fro vun der irescher Grenz net." Si misst awer gekläert ginn, ier den "Divorce" verhandelt gëtt.

Déi britesch Premierministerin ass net ofgeneigt, datt dës Iwwergangsperiod verlängert gëtt. "Mir gi jo dovun aus, datt deen zukünftegen Accord dëse Problem vun der Grenz léist", so d'Theresa May. "A mir hätte gären, datt deen Accord a Kraaft trëtt. Well kee Mënsch wëll, datt dat Sécherheetsnetz wierklech benotzt muss ginn".

Den iresche Premier ass och net géint eng méi laang Iwwergangsperiod, d'Sécherheetsnetz muss awer bestoe bleiwen, sou de Leo Varadkar.

Déi 26 EU-Länner si solidaresch mat Irland

Déi 26 EU-Länner si solidaresch mat Irland. Dorunner gëtt net gefréckelt - seet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Hie géif an där Fro ganz kloer op gréng Luucht vu sengem irlännesche Kolleg waarden.

Et hätt een natierlech och d'Situatioun a Groussbritannien am Kapp, wou d'Theresa May et net einfach huet, fir dësen Deal duerchzebréngen. Allerdéngs géif d'Auer ticken an den Datum vum 29. Mäerz, op deem Groussbritannien aus der EU austrëtt kéim ëmmer méi no.

Et ass elo nach net kloer ob am November een extra Sommet ass, fir de Point ze maachen. Et kéint gutt sinn, datt dat eréischt um Sommet am Dezember geschitt. Op alle Fall - dat gouf och op dësem Sommet betount - wann och vläicht net esou haart: D'EU preparéiert sech och op een "No deal; dorop also, datt et net zu engem Accord kënnt. Virop gëtt awer wieder Optimismus verbreet.