Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bronchiolite: Kleng Kanner solle beschtméiglech geschützt ginn

Opruff vun der Lëtzebuerger Société de Pédiatrie

Bronchiolite: Kleng Kanner solle beschtméiglech geschützt ginn

D'Pediatrië baussen a bannen de Spideeler stoussen den Ament un hir Grenze wéinst der Otemwee-Erkrankung bei klenge Kanner. Ob de Peak vun den Infektiounen zu Lëtzebuerg schonn erreecht ass, oder d'Zuel u Bronchiolitten-Infektiounen nach weider wäert klammen, wier nach onkloer.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


58 Hospitalisatiounen, dovunner aacht kleng Patienten op der Intensivstatioun, a laang Waardezäiten: dat war de Stand haut um Freideg an der Kannerklinik.

D'lescht Woch schonn ass eng Krisen-Zell aberuff gi fir d'Kapazitéiten an der Kannerklinik eropzesetzen. D'Kannerklinik krut doropshin zousätzlech aacht stationär Better a kann op d'Reserve sanitaire zeréckgräifen.

Net-urgent Operatioune si bis op Weideres verluecht ginn, erkläert d'Kannerdoktesch Isabel de la Fuente aus der Kannerklinik. Doduerch, datt ee verschidden Hospitalisatiounen annuléiert hätt, hätt een d'Unzuel u fräie Better kënne verduebelen.

Bierger solle verschidde Geste-barrièren anhalen

Et ass dann och den Opruff un d'Bierger, verschidde Geste-barrièren anzehale fir déi klengst ënner eis ze schützen.

De President vun der Lëtzebuerger Société de Pédiatrie Serge Allard recommandéiert de Leit, déi op Besuch si bei engem Kand ënner zwee Joer, ënner anerem e Mask unzedoen:

"Wéi mir dat och an der Pandemie haten, einfach de kierperleche Kontakt evitéieren. Si sollen sech d'Hänn gutt wäschen, a sollen ewechbleiwe vun de klenge Bëbeeën op jidder Fall. A mir géifen och recommandéieren, fir d'Reuniounen an de Famillen ze limitéieren op jidder Fall an den nächste Wochen."

D'Eltere sollten hir Kanner wa méiglech och net an d'Crèche ginn, bis d'Situatioun sech berouegt huet, esou nach den Dr Serge Allard. Wéini dat ass, ass nach onkloer.

Peak vun der Epidemie nach net bekannt

D'Bronchiolitten-Epidemië géifen an der Reegel all dräi, véier Joer optrieden, erkläert d'Kannerdoktesch Isabel de la Fuente. Dëst Joer wier d'Situatioun awer besonnesch schlëmm.

De Peak wier méi fréi, awer och méi héich wéi gewinnt. Et wéisst een net, wéini de Peak eriwwer wier, an hei géif een op d'Situatioun an den Nopeschlänner kucken:

"Donc les français pensent maintenant avoir un taux stable, et probablement une légère amélioration. Nous étions un tout petit peu en décalage par rapport aux français, alors que les belges sont vraiment en train de rentrer dans l'épidemie."

Ob de sougenannten RS-Virus, deen de Gros vun de Bronchiolitte-Fäll bei klenge Kanner ausléist, méi ustiechend oder eventuell méi aggressiv ass ewéi nach déi Jore virdrun, konnt d'Kannerdoktesch aus der Kannerklinik op eis op Nofro hin net beäntwerten. Si geet awer dovun aus, datt sech d'Situatioun och zu Lëtzebuerg an den nächste Woche wäert berouegen.