Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - When I Get Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brutal Repressioun vu Protester am Irak

Noen Osten

Brutal Repressioun vu Protester am Irak

D'Zuel vun den Doudesaffer zu Bagdad ass den Donneschdeg op iwwer 20 eropgeklommen, mat méi wéi 1.200 Blesséierten. Grond fir d'Manifestatiounen, déi iwwerraschend séier gewuess sinn, sinn d'Aarbechtslosegkeet an d'Korruptioun.

auto_stories

3 min

Ganz iwwerraschend sinn d'Protester zu Bagdad net, wou zanter dem éischten Oktober Dausende vu Mënschen op d'Strooss ginn. D'lescht Joer goufen et eng Rei Anti-Regierungs Demonstratiounen a verschiddenen Deeler vum Irak, mee bei wäitem keng sou grouss wéi an de leschten dräi Deeg an der irakescher Haaptstad.

Demonstrante schénge bis elo spontan organiséiert an net parteipolitesch ze sinn. Si protestéiere géint déi Aarbechtslosegkeet, Korruptioun an de Mangel u Servicer an Infrastrukturen. Den Irak zielt zu de Pëtrol-räichste Länner vun der Welt, mee och zu de korruptsten. Der Weltbank no läit d'Aarbechtslosegkeet bei deene Jonke bei 20 Prozent, op de soziale Medie gëtt dëst als Haaptgrond fir d'Demonstratioune genannt.

Datt d'Protester grad elo ausbriechen, huet och mat rezente politeschen Entwécklungen ze dinn. D'Abdul Mahdi Regierung gëtt fir déi zouhuelend Muecht vun de pro-iraneschen Hashd el Chaabi Milize kritiséiert, also dofir, datt den iraneschen Afloss op déi irakesch Politik d'Onofhängegkeet vum Land op d'Spill setzt. Wéi d'Demonstratioune viruginn, hänkt och dovun of, wéi d'Regierung mat hinnen ëmgeet.

Foto: picture alliance / Ameer Al Mohammedaw/dpa

Keen Enn vun de Protester a Siicht

Virun e puer Deeg huet de Premier Abdul Mahdi versprach, eng Astellungsquot vu 50 Prozent fir lokal Aarbechter an zukünftege Kontrakter mat auslännesche Firmen, notamment am Beräich vun der Pëtrolsproduktioun, anzeféieren. Mee déi brutal Repressioun géint d'Demonstrante riskéiert éischter, nach méi Leit ze motivéieren, op d'Strooss ze goen.

Am Süde vum Land sinn och scho Protester ausgebrach. D'Regierung wëllt verhënneren, datt eng national Beweegung entsteet, seet dësen Aktivist an der Stad Mossul, am Norde vum Land:

"D'Demonstranten zu Bagdad hunn ugefaangen, Biller vun de Protester live op de soziale Medien ze diffuséieren. Si wëllen domat net nëmmen international Medien erreechen, mee och Mënschen aus dem Rescht vum Irak dozou opruffen, an anere Stied op d'Strooss ze goen. Dofir huet d'Regierung a villen Deeler vum Irak, an och hei zu Mosul, den Zougang zum Internet deelweis gespaart."

Internetaccès deelweis gespaart

Mossul, am Norde vum Irak, leit ënner schroe wirtschaftleche Problemer, haaptsächlech well d'Regierung kaum an d'Rekonstruktioun vun der fréierer irakescher Haaptstad vum IS investéiert. De Mohammad Tallal, de Chef vun der Police Judiciaire zu Mosul mengt awer, datt d'Wahrscheinlechkeet vu gréissere Protester am Norde vum Land kleng bleift.

D'Mënschen zu Mossul hätten Angscht fir op d'Strooss ze goen, well Protester am Norden direkt als pro-islamesche Staat gelabelt géifen, an deementspriechend ënnerdréckt géife ginn. "Mir rechnen éischter mat friddlechen Demonstratiounen an den nächsten Deeg, déi awer net esou ausaarte wéi an der Haaptstad Bagdad", sou de Mohammad Tallal.

Zu Bagdad ginn d'Protester trotz engem generellen Ausgangsverbuet virun, bis elo sinn iwwer 20 Mënschen dobäi ëm d'Liewe komm.

Foto: picture alliance / Ameer Al Mohammedaw / dpa