Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Budget 2020: Froen an Äntwerten

Staatsbudget 2020

Budget 2020: Froen an Äntwerten

De Pierre Gramegna huet de Projet de loi vum Staatsbudget fir d'Joer 2020 virgestallt: et géif all Grond fir optimistesch an d'Zukunft ze kucken. Déi wichtegst Froen an Äntwerten mam Michèle Sinner.

auto_stories

2 min

D'100,7-Journalistin Michèle Sinner. Foto: Archiv

D'Erklärunge vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Wéi gesäit et ënner dem Stréch aus? Hält Lëtzebuerg seng Obligatiounen am Kader vum Europäesche Stabilitéitspakt an?

Jo an dat largement, obschonn den Iwwerschoss fir de Gesamtstaat (dat sinn de Staat a seng Verwaltungen, d'Sécurité sociale an d'Gemengen) e bësse manner héich ausfält, wéi dat nach am Fréijoer ageplangt war. Deen Ament ass ee fir 2020 vun engem Iwwerschoss vun 1,4 Prozent ausgaangen. Elo plangt ee mat engem Iwwerschoss vun 1,2 Prozent par Rapport zum PIB, dat sinn 757 Milliounen Euro.

De Solde structurel, un deem all Eurolänner gemooss ginn, ass besser wéi vun der EU-Kommissioun verlaangt. D'Staatsschold fält ënner 20 Prozent vum PIB; all Euro-Land dierf sech bis zu op 60 Prozent vu sengem PIB verschëlden.

Den Ament gesäit et och aus, wéi wann dat iwwer déi gesamte Legislaturperiod esou géif bleiwen.

Et ass effektiv mol esou virgesinn, datt Lëtzebuerg bis 2023 am Soll bleift par Rapport zu de Stabilitéitskrittären, an d'ëffentlech Verscholdung net iwwer 20 Prozent klëmmt. Dat ass absolut remarkabel, wann ee sech un d'Diskussioune vu vergaangene Joren erënnert iwwer d'erdréckend Scholdelaascht, a wéi dës Koalitioun, wéi se 2013 ugetrueden, onbedéngt wollt spueren.

Et soll weider an d'Infrastrukturen an an de Klimaschutz investéiert ginn.

Jo, bei den Infrastrukture gëtt et awer och aus der Zäit vun de Virgängerregierungen e gewëssen Nohuelbedarf bei den Investitiounen. Vill Neies huet de Finanzminister net annoncéiert, notamment wat de Klimaschutz ugeet. Do geet et him wuel d'nämmlecht, wéi dem Premier beim Etat de la Nation: soulaang kee Klimaplang a kee Klimagesetz um Dësch leien, also esou laang d'Regierung net decidéiert huet, wat se u konkrete Mesurë wëllt huelen, kann de Finanzminister se net arechnen. Hien huet haut zum Beispill och net gesot, ob d'Akzisen um Sprit solle weider ugehuewe ginn.

Hien huet och net vill iwwer déi versprache Steierreform gesot.

Nee, ausser datt se grouss an ambitiéis soll ginn. Dat heescht, déi ass an dësen Zuele kloer net berécksiichtegt. De Minister sot, et géif Sputt bleiwen, wann ee seng Previsiounen da kuckt, ass de Moment fir d'iwwernächst Joer en Iwwerschoss vun 942 Milliounen Euro virgesinn a fir 2022 souguer vu bal 1,3 Milliarden Euro. Dat ass also de Sputt, vun deem rieds ass.