Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Budgetsrapporter Max Hahn: Héich Ausgabe sinn onëmgänglech

Staatsbudget 2023

Budgetsrapporter Max Hahn: Héich Ausgabe sinn onëmgänglech

De Budgetsrapporter Max Hahn huet de Budgetsprojet vun der blo-rout-grénger Koalitioun verdeedegt. Am Staatsbudget fir d'nächst Joer ass jo en Defizit beim Zentralstaat vun 2,8 Milliarden Euro virgesinn. A Krisenzäite wieren héich Ausgaben net just akzeptabel, si wieren onëmgänglech, esou den DP-Deputéierten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den aktuellen Estimatiounen no, hätt een ouni Hëllefsmesüren d'nächst Joer zu Lëtzebuerg eng Inflatioun vu 6,6 Prozent. Duerch d'Regierunsmesürë géif d'Inflatioun viraussiichtlech op 3,4 Prozent gedréckt ginn.

Eleng dëst Joer hätten d'Sozialleeschtungen, Subsiden, Subventiounen, an Transferte bal d'Hallschent vun den Depensen am Budget vun der Regierung ausgemaach, ënnersträicht de Max Hahn. An d'nächst Joer dierften d'Mesurë vum Energiedësch an den zwou Tripartitten "natierlech net feelen".

"Mat de Staatsgarantien abegraff, läit de Käschtepunkt heivu fir dëst an d'nächst Joer bei iwwer 2,5 Milliarden Euro. Dat ass e substanzielle Montant fir d'Kafkraaft vun de Leit an der Kris ze erhalen an dofir ze suergen, datt eis Wirtschaft iwwer déi nächste Joren nach weider dréint."

Aidë sinn net bekannt genuch

Et misst een awer dofir suergen, datt d'Hëllefen och do ukommen, wou se gebraucht ginn. An deem Kontext proposéiert de Max Hahn en digitalen Office social, als éischt Ulafstell fir Leit déi Hëllef brauchen.

Wann déi Aiden net bei de Leit ukéimen, da géif et och näischt nëtzen ee vun de beschte Sozialsystemer op der Welt ze hunn, seet de Max Hahn. Beim Wunngeld géif ervirstiechen, datt knapps 20 Prozent vun de Locatairen, déi eligibel sinn, déi och géifen ufroen.

Logement: Grouss Efforten néideg

Weider huet sech de Max Hahn a sengem Rapport och dem Theema Logement ugeholl. Hei wiere weider grouss Efforten néideg.

Grad eidel Wunnenge kéinte séier mobiliséiert ginn, wat och d'Offer géif an d'Luucht setzen, seet den DP-Deputéierten a Schäffe vun Dippech:

"An deem Kader wier et nëtzlech, d'Gestion locative sociale weider ze fërderen, an ze analyséiere wéi een dës nach finanziell méi attraktiv kéint maachen."

Haut a muer gëtt iwwer de "Krisebudget", wéi d'Finanzministesch Yuriko Backes e genannt huet, debattéiert. An den nächsten Deeg soll dësen da gestëmmt ginn.