Ronn 25 Prozent Auslänner wieren an der Südeifel gemellt. Wéi d'Grenze wärend dem éischte Confinement zougemaach gi sinn, hätte sech nach vill weider Lëtzebuerger ugemellt. Hie geet och dovun aus, datt et weider Lëtzebuerger gëtt déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, mee déi an der däitscher Eifel wunnen. "Das hat vielfältige Gründe, steuerliche vor allem. Aber es sind deutlich weniger geworden."
De Moritz Petry ass virun engem Mount fir aacht weider Joren als Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Südeifel confirméiert ginn.
Wéi aner Grenzregiounen och, profitéiert d'Südeifel staark vun deem dynamesche Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, op deem vill Frontalieren ënnerkommen. Mee d'Gemengen op der däitscher Säit leiden dorënner, finanziell. De Moritz Petry, de Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Südeifel, déi sech vun der Héicht vun Iechternach bis iwwer Veianen eropzitt, erkläert, firwat.
"Wir bekommen einen Anteil der Einkommenssteuer, die bei uns versteuert wird. Aber natürlich wird die Einkommenssteuer der Luxemburger Grenzgänger nicht versteuert. Das muss immer durch Schlüsselzuweisungen des Landes Rheinland-Pfalz ausgeglichen werden. Dadurch sind unsere Kommunen einfach schlechter finanziert. Wir müssen aber genauso Kindergärten, Schulen, Hallenbäder finanzieren."
Hie kéint sech virstellen, datt Lëtzebuerg eng Zort Kompensatioun u seng Regioun géif bezuelen. Esou een Ofkommes géif et aktuell mat der Belsch scho ginn. D'Diskussiounen iwwer sou eng Initiativ misst awer d'Bundesregierung zesumme mat der Lëtzebuerger Regierung féieren.
"Und deswegen sind wir auch bestrebt uns als Bürgermeister zussammen zu schliessen. Ein Bürgermeister reicht nicht um die Politik umzustimmen."