Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Buvette um Wämper Séi kéint als Monument klasséiert ginn

Lokales

Buvette um Wämper Séi kéint als Monument klasséiert ginn

De Projet vun engem Fräizäitresort um Wämper Séi suergt nees fir Diskussiounen. Nodeems d'Majoritéit ëm de Buergermeeschter Henri Rinnen de Projet trotz engem negative Referendum an der Gemeng duerchgezunn huet an och all néideg Autorisatiounen krut, ass et elo d'Buvette vum ale Camping déi am Gespréich ass. Déi kéint als nationaalt Monument klasséiert ginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Dat neit Gebai mat de Vakanzenappartementer an déi sech Investisseuren kënnen akafen ass sou wäit fäerdeg gestallt, an un dat, wat fréier emol ronderëm de Wämper Séi stoung, erënnert haut just nach eng Buvette aus de 70er Joren. Si sollt de Pläng vum Investisseur no ofgerappt ginn a Platz fir e grousse Restaurants- a Fräizäitberäich maachen mat Accès op de Séi. Mee den Architekt Paul Holweck, President vun der Biergerinitiativ, déi dee ganze Projet zënter Jore verhënneren wëll, well en hirer Meenung no demesüréiert wier an op enger illegaler Konventioun géif baséieren, huet elo eng Demande fir e Klassement agereecht. Et wier en Zeie vun der Lokalgeschicht.

"Et geet eis nët drëms dem Här Rinnen an sengen Anhängerinnen eng auszewëschen, d'Erhalen vum Patrimoine ass net nëmmen e Gebai wat 200 Joer al ass. Patrimoine ass wéi am Gesetz vum Februar 22 steet patromoine architectural, archéologique, historique, immateriell, naturel asw. Am Fall vun der Buvette du lac kommen déi Krittären aus dem Gesetz vu 22 zum Droen."

D'Buvette als en historeschen Zeien

Dem Architekt senger Ufro gouf Gehéier geschenkt an d'Commission pour le Patrimoine culturel COPAC schwätzt an hirem Avis, deen eis virläit, vu raren architektoneschen Elementer déi hei géifen zesumme fléissen, eng einfach Volumétrie ouni Ornamenter, kloer Linnen an den Asaz vu charakteristesche Materialië wéi Steen an Holz. D'Gebai wier domadder en historeschen Zeie vun der touristescher Entwécklung vum Wämper Séi.

D'Kommissioun schwätzt sech dann och fir de Klassement aus.

D'Kulturministesch Sam Tanson informéiert den 13. Oktober de Buergermeeschter Henri Rinnen per Bréif iwwer de positiven avis vun der Kommissioun. All Conditiounen wéi Authentizitéit, Raritéit, Bauperiod, architektoneschen oeuvre a Lokalgeschicht wieren erfëllt.

Den Avis stéisst op wéineg Géigeléift bei de Gemengeresponsablen, de Gemengerot stëmmt ugangs Dezember majoritär géint de Klassement. An engem Bréif un d'Ministesch mengt de Buergermeeschter Henri Rinnen, d'Gebai wier vernoléissegt a "vétuste", et wier purement fonctionel, ouni wäertvoll Dekoratiounen oder Materialien. D'Gebai hätt mat den neien Entwécklungspläng keng Existenzberechtegung méi.

"Virun zwee Joer ass et rapid mat der Wirtschaftlechkeet vun dem Gebai no ënne gaangen, an dofir ass mäi Verständnis fir dat dote Gebai ze klasséieren ass bei null. Also do kann ech kee Gramm Verständnis opbréngen, beim beschte Wëllen net."

D'Kulturministerin wëllt an den nächste Wochen decidéieren

D'Kulturministesch Sam Tanson ass am Kontakt mat der Gemeng, eng Decisioun ass momentan awer nach net gefall. Et wieren nach Reunioune mat der Gemeng geplangt a si géif den Avis vun der Gemeng nach analyséieren. An den nächste Woche misst kënnen eng Decisioun geholl ginn.

E weidert Argument géint d'Ofrappe vun der Buvette

Denkbar wier zum Beispill eng Integratioun vum Gebai an den neie Projet.

De Pol Holweck huet awer nach en zweet Argument: E geet dobäi ëm d'Konventioun tëscht der Gemeng an dem Promoteur. De Projet wier iwwer eng convention emphytéotique un de Promoteur gaangen.

Dat géif awer heeschen, datt all Ofrappe vu Gebaier op dësem Terrain verbuede wier.