Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch wëllt séier reagéieren

Studenteboursse fir Frontaliers-Kanner

Claude Meisch wëllt séier reagéieren

Den Héichschoulminister Claude Meisch huet net wëlles op all Restriktioun am Gesetz ze verzichten, wann d'Krittäre fir d'Attributioun vu Studentebourssen u Frontaliers-Kanner iwwerschafft ginn. D'Gesetz muss no engem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff vun e Mëttwoch geännert ginn.

auto_stories

3 min

Claude Meisch ass Héichschoul- an Educatiounsminister

Haut ass et esou, datt e Frontalier bannent de leschte siwe Joer op d'mannst fënnef Joer muss zu Lëtzebuerg geschafft hunn, fir datt säi Kand Urecht op eng Lëtzebuerger Bourse huet. Dee Krittär wier net mam EU-Recht kompatibel, hat d'Cour de Mëttwoch festgestallt. Den Héichschoulminister wëllt ganz séier op d'Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff iwwer d'Attributioun vu Studenteboursse fir Kanner vu Frontaliere reagéieren. Dës Affär war vun engem Mann ugestouss ginn, dee vun 1991 bis 2014 zu Lëtzebuerg geschafft hat - mat enger Ënnerbriechung vun 2008 bis 2012. Grad déi fënnef Joer sinn him - oder villméi sengem Fils - zum Verhängnis ginn, wéi deen 2014 eng Lëtzebuerger Bourse ugefrot huet. Well do gi just déi lescht siwe Joer gekuckt. Een Elterendeel muss an deem Zäitraum fënnef Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn.

Den Europäesche Geriichtshaff géif an deem Domaine duerch seng Uerteeler "permanent nei Jurisprudenze schafen", seet de Claude Meisch. Den Educatiounsminister schléisst och net aus, datt Lëtzebuerg sech an e puer Joer nach eng Kéier engem neien Uerteel vum EuGH misst upassen, "wat vläicht deen doten oder en aneren Aspekt ubelaangt, deen haut als zoulässeg gëllt, deen dat muer awer vläicht net méi ass", sou de Claude Meisch.

"Op ville Punkten eens mat de Gewerkschaften"

Wéi no de Chamberwahlen 2019 fest stoung, datt seng Partei géif an der Regierung bleiwen, wier et fir hien "evident" gewiescht, seng Zoustännegkeet fir d'Schoul behalen ze wëllen, seet de Claude Meisch.

Den DP-Politiker ass elo am sechste Joer fir dee Ressort zoustänneg. De Claude Meisch wënscht sech e professionellt Verhältnis tëschent him an de Gewerkschaften. Dat géif him meeschtens geléngen, mee net ëmmer. Trotzdem wier hien op ville Punkten eens mat de Gewerkschaften.

"Iwwer déi gëtt vläicht net esou haart geschwat am Land. Mir hunn an der leschter Legislaturperiod och vill Accorde gemaach iwwer wichteg Reformen. Also et gëtt och Eenegkeet an der Educatioun", sou de Minister.

D'Schoul als Repère fir déi Jonk

Hie wier frou, wann een déi grouss Verännerungen, d'Diversifizéierung vun der schoulescher Offer an den Aspekt vun der Moderniséierung vun der Schoul als positiv Elementer géife genannt ginn, wann een iergendwann op d'"Ära Meisch" géif zeréckkucken.

D'Schoul misst sech vun de Methoden an den Inhalter hier un d'Zäit vun haut upassen a se misst gläichzäiteg "Verwuerzlung" schafen. "Datt dee jonke Mënsch, deen do eruwiisst och muss wëssen: wou komme mir hier, aus wat fir engem Land sinn ech, wat fir eng Kultur hunn ech, wat fir eng Wäerter droe mir an eis. [...] An domat eigentlech och d'Méiglechkeet ginn, sech richteg kënnen ze veruerten an enger Gesellschaft, déi ganz séier ännert, a wou ganz villes onsécher ginn ass", sou de Claude Meisch.