Radioen

On air

Notturno  |  Il Quadro Di Troisi - Beata

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ça va être très rude"

Weltuerdnung

"Ça va être très rude"

An där neier bipolärer Welt, déi vun den USA a vu China dominéiert gëtt, missten d'Länner Choixe maachen, a sech och ekonomesch op déi eng oder aner Säit schloen. Däers misst ee sech och zu Lëtzebuerg bewosst sinn, sou de François Heisbourg, renomméierten Expert a geostrategesche Froen.

auto_stories

2 min

An där neier bipolärer Welt, déi vun den USA a vu China dominéiert gëtt, missten d'Länner fréier oder spéider Choixe maachen, a sech och ekonomesch op déi eng oder aner Säit schloen.

De François Heisbourg, renomméierten Expert a geostrategesche Froen - dee Lëtzebuerger Wuerzelen huet - huet drop higewisen, datt d'Globaliséierung net méi politesch neutral wär:

"On n'est plus à l'époque de la mondialisation (géo-)politiquement neutre. On est entré dans une période - et ça a été aggravé par la pandémie - où on a désormais une mondialisation qui est en train de devenir bipolaire. Quand vous avez ça, il y a des choix compliqués qui sont imposés aux Etats tiers."

Am Kloertext: an där neier Welt misst ee wuel, wann een op der Säit vun den Amerikaner wéilt stoen, op eng Zesummenaarbecht mat chineeseschen Entreprise verzichten, sou de François Heisbourg.

E laangfristege Problem

Däers misst ee sech och zu Lëtzebuerg bewosst sinn, sou de François Heisbourg:

Les petits pays, plus dépendants que d'autres par rapport à la mondialisation, surtout s'ils sont spécialisés dans des fonctions de place financière et de fintech, ça va être très rude. Les gens qui s'imaginent qu'il va être possible de travailler de façon neutre entre ces deux pôles, se trompent. Pour le Grand-Duché ce sera un vrai et sérieux problème dans les décennies qui viennent. C'est pas une affaire de six mois, c'est une affaire d'années et de décennies.

Wat d'Klimakris ubelaangt, ass hien net zouversiichtlech. De Grond, firwat hie säin Optimismus verluer huet, huet eppes mat der Pandemie ze dinn:

Dem François Heisbourg seng Iwwerleeungen zur Klimakrisplay_arrow