Radioen

On air

Notturno  |  Birdbones - Every Single One Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Beaufort Plage

Lëtzebuerg entdecken

Camping Beaufort Plage

De Camping ass nom zweete Weltkrich geschaf ginn, wéi den Tourismus nees ugefaangen huet opzebléien, seet d'Françoise Bonert. Wéi an 1966 d'Beeforter déi oppe Schwämm opgaangen ass, sinn nach méi Leit op Beefort komm. De Camping konnt awer och vun der Ouverture vun der Beeforter Äispist profitéieren, déi 1969 hir Dieren opgemaach huet, op där een traditionell mat Schlittschong fueren, mee och Äishockey spille kann.

auto_stories

2 min

Schwammen am Summer a Schlittschong fueren am Wanter. Do kënnen net vill Campinge mathalen. Mee wéi dunn an de 90er d'Clienten ëmmer méi ausbliwwe sinn, ass no enger neier Attraktioun gesicht ginn, déi haut quasi wuertwiertlech zu Beefort de Renner ass. No Internet-Recherchë wier een nämlech op den Ice-Carting gestouss, erzielt d'Françosie Bonert. Zanter 2003 gëtt dës Attraktioun am Wanter véier Mol an der Woch op der Beeforter Äispist ugebueden.

Iwwernuechten an engem Tippie

Et gëtt awer nach eppes, wat de Camping Beaufort Plage eenzegaarteg mécht. Zanter engem Joer bitt de Camping Tippie-Zelter aus Holz un, déi an Zesummenaarbecht mat engem Betrib aus der Gemeng gebaut goufen. Am Ganzen dräi méi kleng Tippië mat engem Duebelbett a véier grouss Tippien, mat fënnef Eenzelbetter, seet d'Françoise Bonert. E Marterlpfahl gëtt et natierlech och, genee wéi d'Méiglechkeet fir e Feier ze maachen.

Grouss kulturell Offer an der Natur

De Camping Beaufort Plage ka sech mat all sengen Offeren also weise loossen. Net ze vergiessen, datt mir hei matten an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz sinn, wou et och nach eng helle Wull un Wander- a Vëlosweeër gëtt.

Nieft der Beeforter Buerg aus dem Mëttelalter, déi bal all Kand hei am Land dierft kennen, kann een elo zanter e puer Joer - op Ufro - och dem Jean de Beck säi Schlass kucke goen, e Kulturierwen, am Renaissance-Stil, deen trotz ville Kricher an och soss schwieregen Zäite glécklecherweis ni zu Schued koum.