Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fakear - All Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping-Saison markéiert duerch Héichwaasser an nei Clientèle

Linda Gedink

Camping-Saison markéiert duerch Héichwaasser an nei Clientèle

D'Camprilux, d'Vereenegung vun de Campingbedreiwer zitt ee gemëschte Bilan iwwer dat vergaangent Joer. Et si wéinst der Pandemie nei Touristen op Lëtzebuerg komm. D'Héichwaasser huet awer vill Schued gemaach.

auto_stories

2 min

Et gouf eng positiv Entwécklung an de Lëtzebuerger Campinge mat enger neier Clientèle aus Däitschland, wou all d'Campingen zougemaach hu wéinst de Restriktiounen. Déi Touristen si virun Allem op Christi Himmelfaart, Fronleichnam a Päischte fir ee verlängerte Weekend op Lëtzebuerg komm.

Déi nei Clientèle konnt de Grand-Duché wärend engem Weekend entdecken an ass bereet nees zeréck ze kommen, präziséiert d'Linda Gedink, Generalsekretärin vun der Camprilux. Mee och d'Lëtzebuerger waren um Rendezvous, dat ënner anerem duerch d'50-Euro-Bongen-Aktioun, déi d'Regierung 2020 lancéiert hat:

"Et gëtt jo eng Partie Camper zu Lëtzebuerg déi soss ëmmer an aner Länner gefuer sinn an duerch d'Reesrestriktioune si se hei am Land bliwwen. Zemools déi aus dem Norden an dem Mëllerdall hu vill Lëtzebuerger empfaangen, déi aus dem Süde vum Land kommen"

Zesumme mat Luxembourg for Tourism gëtt eng Aktioun lancéiert déi déi Leit viséiert, déi zejoert fir d'éischt hei am Land waren.

Vill Schued duerch Héichwaasser

39 vun de 75 Campinger goufe Mëtt Juli 2021 vum Héichwaasser getraff. Verschiddener hunn no enger Woch schonn nees kënne Leit empfänken. Anerer hunn och de Mount August misste botzen a flécken. Et wier dobäi vill Offall entstanen, d'Waasser hat jo och vill Dreck mat geschleeft.

Dräi vun deene Campinger sinn déi ganz Saison zoubliwwen. Zwee dovunner wäerte warscheinlech hir Dieren net méi opmaachen, bedauert d'Linda Gedink:

"Dat ass de Camping vu Bur, do ass därmoosse vill zerstéiert ginn, datt et bal net méi derwäert ass fir do nees unzefänken, oder wa se nees ufänken da mat engem ganz anere Konzept, mat mobillen Infrastrukturen, sou datt op där Plaz investéiert gëtt, datt et sech och nees rentéiert."