Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camprilux: Trotz Erausfuerderungen e positiven Ausbléck fir 2023

Tourismus zu Lëtzebuerg

Camprilux: Trotz Erausfuerderungen e positiven Ausbléck fir 2023

D'Lëtzebuerger Campingen hunn eegenen Aussoen no d'lescht Joer besser Resultater gemaach wéi virun der Pandemie. 2022 wier et de Campingen am grousse Ganze besser gaange wei déi Jore virdrun, esou d'Associatioun vun de Campingbedreiwer Camprilux. Trotzdeem ginn et mam Klimawandel, den héijen Energiepräisser an dem Manktem u Personal genuch Erausfuerderungen.

auto_stories

2 min

Camprilux hat hir Generalversammlung zu Klierf. (Foto: Joé Birchen)

Eng Erausfuerderung fir d'Campinge sinn d'Folge vum Klimawandel. Et géing nämlech eng immens Ofhängegkeet vum Wieder bestoen, erkläert d'Florence Kirtz-Bertemes, Presidentin vu Camprilux. Trotzdeem fillt een sech do Dank Warnsystemer op all Fäll virbereet:

"Wann iergendwou e staarke Reen erof kënnt, datt mir do mat Zäite gewarnt ginn. Wann iergendwéi eng Dréchent kënnt, wou mir dann och kënnen zesumme schaffen. Datt een och mat de Gemenge ka kucken. Wann et soll brennen, datt mir dann direkt ronderëm kënne mat de Pompjeeë gehollef kréien."

Sich no Personal gëtt méi schwéier

Elo schonn, ginn immens vill Reservatioune fir de Summer gemaach. Dat ass e Grond fir sech ze freeën, ma gläichzäiteg stellt dat verschidde Campingbedreiwer virun e weidere Problem. Et wier ëmmer méi schwéier genuch Personal fir d'Saison ze fannen. D'Eline Buehre vum Camping zu Noumer:

"Mir hu bësse Problemer och mam Personal an dat ass wat eis e bëssi Angscht mëscht. Reservatioune lafe ran. Mais mir wëssen dat net ëmzesetzen dann am gudde Service. Do musse mir gutt Léisunge fannen."

Déi héich Energie- a Waasserkäschten, maachen der Associatioun Camprilux och Suergen. Wann een d'Clienten an Zukunft net wëll ofschrecken, dierft een d'Präisdeierecht och net komplett un de Client weider reechen. D'Bedreiwerin vum Camping vu Kautebaach, Bianca In't Groen, gesäit bei den deieren Energiepräisser allerdéngs net nëmmen Nodeeler:

"Well d'Energiepräisser och fir eis Clienten héich sinn a wäit an de Süde fuere mam Auto gëtt ze deier. Sou datt déi Destinatioune méi no bäi interessant sinn."

Eng Taxe de Séjour soll net kommen

Eng Taxe de Séjour soll op nationalem Niveau allerdéngs net kommen. Dat sot de Minister fir Tourismus, Lex Delles op der Assemblée Générale vu Camprilux. D'Bestriewe vun zwou Gemengen, esou eng Taxe anzeféieren, huet der Associatioun nämlech Suerge gemaach. Der Florence Kirtz-Bertemes no, wier eng Taxe de Séjour och kontraproduktiv:

"Déi Taxe de Sejour, do maache mir méi Schlechtes wei Guddes, well mir mussen dat dann dem Tourist verrechnen. A wat mir méi deier gi, wat mir den Tourist vum Grand-Duché ewech halen."

Trotz den Erausfuerderunge mécht d'Camprilux also e positiven Ausbléck fir d'Joer 2023.