Radioen

On air

De Weekend  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabis fir medezinesch an therapeutesch Zwecker erlaabt

Medezin

Cannabis fir medezinesch an therapeutesch Zwecker erlaabt

An Zukunft ass de Konsum vu Cannabis, dee fir medezinesch an therapeutesch Zwecker genotzt gëtt, zu Lëtzebuerg erlaabt. D'Chamber huet eestëmmeg d'Gesetz ugeholl, mat deem de legale Kader festgeluecht gëtt.

auto_stories

3 min

Den Zougang zu deenen therapeutesche Cannabispräparater ass relativ restriktiv. D'Medikamenter kënnen nëmmen an dräi Krankheetsfäll verschriwwe ginn: Bei chronescher Péng, während der Chemotherapie oder bei muskuläre Krämp, déi ee bei der Multipler Skleros ka kréien. Dat ass fir déi gréng Deputéiert Josée Lorsché ze vill restriktiv, deen däitsche Modell wier besser.

An Däitschland géif bewosst op d'Indikatioun vu bestëmmte Krankheetsbiller verzicht ginn. D'Dokteren an Däitschland hätten deemno d'Fräiheet, selwer ze jugéieren, ob si Medikamenter op Cannabisbasis verschreiwen oder net. Dat wier am Sënn vun der Liberté thérapeutique, seet d'Josée Lorsché.

Ënnerschiddlech Wierkstoffer

Déi Präparater hu ganz ënnerschiddlech Wierkstoffer, jee no Verschreiwung. Et kritt ee se ënner der Form vu gedréchente Bléien, fir se ze inhaléieren oder an enger Infusioun ze drénken. Dobäi kënnt e Medikament a Form vun Ueleg. D'therapeutescht Cannabispräparat enthält jee no Gebrauch ënnerschiddlech Moleküllen, seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Dräi Typpe vu Kompositioun wiere méiglech; entweder räich un THC (Tetrahydrocannabinol), un CBD (Cannabidiol), oder eng Mëschung aus deenen zwee. Zu Lëtzebuerg wieren am Ganze sechs verschidde Produiten ze kréien. Doduerch kritt all Dokter d'Méiglechkeet, "op e groussen Eventail zeréckgräifen ze kënnen", seet d'Gesondheetsministesch.

"Therapeutesch Form vun de Cannabisderivaten huet kee psychotropen Effekt"

Den Effekt vun deene Medikamenter kéint net mat den Effekter vum Cannabis verglach ginn, deen ee fir rekreativ Zwecker kritt, seet d'Martine Mergen vun der CSV.

Déi therapeutesch Form vun de Cannabisderivaten hätt kee psychotropen Effekt a se géifen net ofhängeg maachen.

"D'Niewewierkungen, wéi d'Verschlechterung vu Kuerzzäitgediechtnes, d'Verlängerung vun der Reaktiounszäit a Problemer mat der motorescher Koordinatioun, déi ee virun allem am Stroosseverkéier kéint fäerten, dee brauche mir hei net ze fäerten", seet d'Martine Mergen.

Substanzen net verharmlosen a sensibiliséieren

Déi therapeutesch Cannabispräparater dierfe vun all Dokter verschriwwe ginn, deen eng spezifesch Formatioun vu sechs bis 24 Stonnen gemaach huet. Et wier kloer, datt de Cannabis fir medezinesch Zwecker oder deen, dee fir rekreativ Zwecker genotzt gëtt, keng harmlos Substanz wier, betount den Edy Mertens, DP Deputéierten.

Fir d'DP wier Cannabis keen Däiwelskraut, trotzdeem dierft een d'Effete vun der Planz net verharmlosen. D'Informatiouns- an d'Sensibiliséierungsaarbecht dierft net ze kuerz kommen.

Limitéierten Accès

An enger éischter Phas soll de Cannabis just a véier Spidolsapdikte kënnen ausgeliwwert ginn. Dat wier ze vill restriktiv, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding.

Et ass och wichteg, e Cannabisproduzent ze fannen, dee strenge Standarden ënnerläit, seet d'Gesondheetsministesch. Eng Ausschreiwung gëtt um internationale Plang lancéiert. Wesentlech ass iwwerdeems, datt ee sech op d'Liwwerung ka verloossen, sou d'Lydia Mutsch.

Fir de Patient wier et ganz wichteg, datt hie sech an Zukunft kéint drop verloossen, datt hie regelméisseg Cannabis ka verschriwwe kréien. "De Patient muss sécher sinn, datt hien d'Medikament net nëmmen dëse Mount kritt, mee och doriwwer eraus".

Kanada kéim méiglecherweis a Fro, well d'Cannabisproduktioun do ganz strenge Regelen ënnerläit.