Radioen

On air

Tockcity  |  Babe Rainbow - Obsession

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joé Schmit : "Et geet virun allem ëm de Schutz vum Konsument"

Debat iwwer Cannabis an der Chamber

Joé Schmit : "Et geet virun allem ëm de Schutz vum Konsument"

A manner wéi 24 Stonnen huet d'Petitioun Nummer 1031 fir d'Legaliséierung vu Cannabis de Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. Bal 7.500 Leit hunn d'Petitioun schlussendlech ënnerschriwwen. Den Donneschdeg Moien gëtt an der Chamber ëffentlech iwwer d'Petitioun diskutéiert. Fir hie wier de Schutz vum Konsument, vu Mannerjäregen a vun der Populatioun d'Haaptuleies, seet de Petitionär Joé Schmit.

auto_stories

4 min

Bigstock / cendeced

Chris Zeien: Här Schmit, Dir hat grousse Succès mat Ärer Petitioun fir d'Legaliséierung vum Cannabis zu Lëtzebuerg. Ronn 7.500 Ënnerschrëfte sinn zesummekomm. Wéi ass et dozou komm, datt Dir eng Petitioun zum Thema eragereecht hutt, wat war Är Motivatioun?

Joé Schmit: Ech sinn a war selwer kee Cannabiskonsument an ech hunn och net wëlles an Zukunft Cannabis ze consomméieren. Mir ass awer opgefall, datt een och als Net-Konsument ëmmer méi dacks mam Thema Cannabis konfrontéiert gëtt, virun allem an de Medien an an an de soziale Medien.

Och am Alldag gesinn ech, datt et fir Mannerjäreger kee Problem ass, fir zu all Moment u Cannabis ze kommen. Menger Meenung no gi Konsumenten duerch déi momentan, a mengen Aen hypokritesch Drogepolitik, an d'Kriminalitéit gedréckt. Mir, als normale Bierger, mécht dat Suergen. Dofir wënschen ech mir fir d'Zukunft eng staatlech Kontroll, virun allem fir d'Jugend ze schützen, mee och generell fir d'Konsumenten ze schützen. Ech gesinn eng Legaliséierung awer och als Schutz fir déi ganz Populatioun.

Déi grouss a rapid Unzuel un Ënnerschrëften, déi d'Petitioun verzeechent huet, beweist, wéi wichteg et ass, datt dat Thema endlech de Wee an d'Chamber fonnt huet.

C.Z.: Dir fuerdert eng Legaliséierung nom hollännesche Modell, dat heescht Konsumente sollen hire Cannabis a sougenannte Coffeeshops kafe kënnen, déi net an engem Ëmkrees vu 500 Meter ëm Schoulen dierfen opgemaach ginn. Pro Besuch soll ee Client net méi wéi fënnef Gramm Cannabis kafe kënnen. Mannerjäreger solle vum Verkaf ausgeholl sinn. Wéisou hutt Dir dëse Modell gewielt, sti Dir hanner deem Modell?

Jein, also mir ginn elo gär éischter op de Wee vum kanadesche Modell. Méi genee Detailer ginn et muer an der Chamber. D'Konditioune sinn awer nach ëmmer, datt ee kee Cannabis ënner 18 Joer ka kafen. Mannerjäreger solle geschützt ginn.

De Punkt, datt ee Coffeeshop 500 Meter vun der Schoul ewech soll sinn, wëlle mir och adaptéieren. Do wëlle mir op zwee Kilometer goen, well d'Lëtzebuerger Verfassung dat esou virgesäit.

Bei der Fënnef-Gramm-Limitt wäerte mir eventuell fir eng Limitt vun 20 Gramm argumentéieren, sou wéi dat och a Kanada gehandhaabt gëtt.

Mir proposéieren awer nach vill méi haart Strofen, besonnesch wat de Verkaf vu Cannabis u Mannerjäreger ugeet. Haart Droge sollen eisem Virschlag no och net a Coffeeshops verkaf ginn.

C.Z.: Är Petitioun huet bal 7.500 Ënnerschrëfte gesammelt, hat Dir mat deem Succès gerechent? De Quorum vu 4.500 Ënnerschrëften ass jo och bannent Rekordzäit erreecht ginn.

J.S.: Ech hat mir scho virgestallt, datt d'Petitioun vill Ënnerschrëfte kritt, mee ech hat net mat deem enorme Succès an esou kuerzer Zäit gerechent. Elleng den éischten Dag si jo scho ronn 5.000 Ënnerschrëften zesummekomm.

C.Z.: Wéi hutt Dir Iech op den Debat muer Donneschdeg an der Chamber preparéiert?

J.S.: Duerch e Kontakt sinn ech un d'Telefonsnummer vum Guy Munhowen (Proprietär vum Placebo op der Stater Gare a Member vun der LSAP) komm. Hien huet sech och direkt bereet erkläert mech ze ënnerstëtzen an hien huet nach puer weider Leit proposéiert, déi muer och mat an der Chamber dobäi wäerte sinn. Mir hunn eis dunn e Konzept ginn, wat den Här Munhowen och muer wäert presentéieren.

C.Z.: Dir hutt weider Persounen ugeschwat, déi Iech hëllefen, Är Cause an der Chamber ze vertrieden, ëm wien handelt et sech?

J.S.: Dat sinn de Christophe Zimmer an de Laurent Lenert.

C.Z. Mat wéi engem Esprit d'âme gitt Dir muer an d'Chamber?

J.S.: Realistesch gesinn ass et natierlech ganz schwéier eng Legalisatioun oder eng Reglementatioun vum Cannabis duerchzesetzen. Mee et muss een awer och soen, datt de Cannabiskonsum fir medezinesch Zwecker och legaliséiert ginn ass. Dat ass och schonn ee grousse Succès fir eist Land.

C.Z.: Verschidde politesch Parteie fuerdere jo scho méi laang d'Fräigi vum Cannabis, ënner verschiddene Formen. déi gréng, déi Lénk, d'Partei fir integral Demokratie zesumme mat de Piraten, d'LSAP an d'DP hunn dat an hirem Wahlprogramm stoe fir d'Chamberwahlen dëst Joer. Hutt Dir den Androck, datt Dir dozou eppes bäigedroen hutt? Gëtt d'Thema Cannabislegaliséierung aus Ärer Siicht e wichtegt Wahlkampfthema?

J.S.: Méiglecherweis jo, well ee jo duerch d'Petitioun gesäit, datt dat e wichtegt Thema an der Gesellschaft ass. Ech kéint mir duerchaus virstellen, datt déi Parteien, déi sech fir eng Legaliséierung vum Cannabis ausschwätzen, och méi Stëmme wäerte kréien.


De kompletten Interview mam Petitionär Joé Schmit:

Lauschterenplay_arrow