Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannabis-Legaliséierung: Am Oktober soll et Kloerheet ginn

Drogepolitik

Cannabis-Legaliséierung: Am Oktober soll et Kloerheet ginn

D'Regierung wëllt am Oktober e Gesetzestext iwwer de Gebrauch vu Cannabis proposéieren, sou d'Justizministesch am 100,7-Interview. Déi Propos wier Deel vun engem gréissere Mesurëpak mat deem d'Regierung op d'Drogen- a Sécherheetsproblematik wëllt reagéieren.

auto_stories

1 min

Am Regierungsprogramm vun 2018 ass festgehalen, datt d'Produktioun, de Verkaf, de Besëtz an d'Consommatioun vum Cannabis solle legaliséiert ginn. D'Sam Tanson wollt sech awer net festleeën, ob d'Regierung un deene Prinzipë festhält.

Et hätt ee "ganz vill" op deem Dossier geschafft an Erfahrungswäerter gesammelt an et wéilt een den Detail dovun am Oktober virstellen. Den Text iwwer de Cannabis wier een Deel vun engem gréissere Mesurëpak ronderem d'Drogen- a Sécherheetsdiskussioun.

"Ech confirméieren näischt", esou d'Sam Tanson op d'Fro, ob de Verkaf vum Cannabis effektiv legaliséiert gëtt.

"Well dat ass ee Problem, den ee ganzheetlech muss ugoen. Et ass net just ee Minister responsabel, an et gëtt och net eng eenzeg Schrauf un där ee kann dréien, fir datt mer de Problem geleisst kréien."

Am Regierungsprogramm vun 2018 ass festgehal, datt d'Produktioun, de Verkaf, de Besëtz an d'Consommatioun vum Cannabis solle legaliséiert ginn.