Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Extremely Bad Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux-Bedeelegung u chinesescher Cargo-Airline

Aviatioun

Cargolux-Bedeelegung u chinesescher Cargo-Airline

auto_stories

2 min

D'Cargolux bedeelegt sech zu 25 Prozent un der chinesescher "Henan Cargo Airline". Dës nei Gesellschaft soll fréistens Enn 2018 ufänke mat fléien. Dat war bei der offizieller Visite vum Xavier Bettel a China gewuer ze ginn. D'Cargolux investéiert alles an allem 55 Milliounen US-Dollar, sou de Finanzdirekter Maxim Straus op Nofro vum radio 100,7 hin. 20 Millioune ginn als Kapital investéiert. Dobäi kënnt nach e Prêt vu 35 Milliounen Dollar, deen d'Cargolux zréckbezuelt kritt.

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch schwätzt vun engem relativ klenge Risiko fir d'Cargolux.

Keng Konkurrenz

De Projet vun dëser Joint venture war bis elo ënner "Cargolux China" bekannt. D'Kapital vun der Gesellschaft läit bei 80 Milliounen US-Dollar.

Déi aner Partner bei der neier Gemeinschaftsgesellschaft kommen aus der zentralchinesescher Provenz Henan. De Cargolux-Aktionär HNCA kritt 59 Prozent vun der neier Airline. Aacht Prozent si fir den Henan Airport Group an och aacht Prozent fir d'Xinggang Investment Group of Zhengzhou Aerial, eng Holding, déi sech ëm d'Zhengzhou Airport Comprehensive Economic Zone bekëmmert.

Déi chinesesch Gesellschaft soll mat dräi Fligeren ufänken. Duerno kéinten et der fënnef ginn, sou de Cargolux-Generaldirekter Richard Forson. Dës Fligeren, grad wéi d'Pilote fir déi nei chinesesch Airline kéinte vun der Cargolux kommen. Béid Airline solle sech awer keng Konkurrenz maachen.

Dem Cargolux-President Paul Helminger no, géif et fir déi nei chinesesch Airline och e positiven Avis och vun de Gewerkschaftsvertrieder am Verwaltungsrot ginn.


Lauschtert de Reportage vum Serge Kesseler aus China:

Henan Cargo Airlineplay_arrow

Dräi Lëtzebuerger Regierungsvertrieder op Visite um Flughafe Zhengzou (François Bausch, Xavier Bettel, Pierre Gramegna v.l.n.r.)