Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux: "Dat nächst halleft Joer gëtt batter"

Wuerentransport

Cargolux: "Dat nächst halleft Joer gëtt batter"

D'Cargolux rechent mat enger "batterer" zweeter Hallschent vum Joer. Dat sot de President vum Cargolux-Verwaltungsrot de Moien hei op der Antenn. Déi lescht zwee Méint hätt d'Cargolux zwar gutt Geschäfter gemaach, well d'Nofro no medezineschem Ekipement grouss war, esou de Paul Helminger. Fir déi zweet Hallschent vum Joer géif een awer mat enger weltwäiter Wirtschaftskris rechnen.

auto_stories

1 min

De Paul Helminger geet awer dovun aus, datt d'Abousse fir d'Cargolux net grad esou schlëmm ginn, wéi no der Finanzkris 2008, well een ufanks 2020 Reserven hätt kënnen opbauen. "Mir wäerten d'Joer also wann et ganz, ganz gutt geet mat enger méi oder wéineger negativer oder positiver Null op en Enn kréien. An da muss ee gesinn, wéi et d'nächst Joer geet."

Et misst een domat rechnen, datt d'Demande fir Wuerentransport tëschent de Kontinenter laangfristeg zeréckgeet, esou de Paul Helminger. D'Kris kéint dozou féieren, datt déi lokal Marchéë gestäerkt ginn. Bei der Cargolux misst een dofir doriwwer nodenken, ob een an Zukunft mat manner Fligere schafft.

Déi lescht zwee Méint hätt d'Cargolux zwar gutt Geschäfter gemaach, well d'Nofro no medezineschem Ekipement grouss war, esou de Paul Helminger, mee wann ee berücksichtegt, datt een de Rescht vum Joer eng Rezessioun wäert hunn, datt déi chineesesch an déi US-amerikanesch Wirtschaft de Prognosen no just ronn ee Prozent wäert wuessen, d'Wirtschaftsleeschtung an der EU wäert zeréckgoen, da misst een domat rechnen "datt déi zweet Hallschent vum Joer eng batter gëtt.