De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren
Charterflich, déi medezinescht Material wéinst dem Coronavirus op d'Plaz bréngen, wieren awer méiglech, esou Cargolux. D'Pilote géifen an esou engem Fall awer net a China aus dem Fliger klammen.
D'Cargogesellschaft géif wärend dem Chineseschen Neie Joer, dat wéinst dem Virus bis den 9. Februar verlängert gouf, souwisou scho manner a China fléien. Deemno wier d'lescht Woch bis op de Cargofluch, dee medezinescht Material op d'Plaz bruecht huet, kee Fluch a China gewiescht.
Weider heescht et, datt de Management amgaang wier zousätzlech Sécherheetsmesurë wéinst dem Coronavirus ze plangen. Detailer dozou wollt d'Cargogesellschaft nach net matdeelen.
D'Cargolux flitt normalerweis 23 Mol d'Woch a China a véier Mol d'Woch an Taiwan.
Notiz: An enger éischter Versioun vun dësem Artikel war den Titel "Cargolux flitt de Moment net méi a China". Dat gouf verbessert: Bis den 11. Februar sinn effektiv keng reegelméisseg Flich méi geplangt, mee awer Charterflich.