Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jitz Jeitz Quartet - Driwwer an Drënner Feat. Ernie Hammes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux: Keng speziell Precautiounsmoossname wéinst Corona-Virus

Gesondheet

Cargolux: Keng speziell Precautiounsmoossname wéinst Corona-Virus

D'Cargolux flitt 23 Mol d'Woch a China a véier Mol d'Woch an Taiwan. Wéinst den Infektiounsfäll mam Corona-Virus si bei der Lëtzebuerger Cargo-Airline awer fir de Moment keng gréisser Changementer geplangt.

auto_stories

2 min

"Momentan gesäit et net esou aus, wéi wa Fluchpläng misste geännert ginn", esou de Cargolux-Manager Luc Loschetter. An déi chinesesch Stad Wuhan, déi ënner Quarantän gesat gouf, flitt d'Cargolux net.

D'Pilote wieren iwwer d'Entwécklunge vun der Krankheet informéiert ginn a si hätten Héich-Qualitéits-Maske matkritt, preziséiert de Responsabele fir Gesondheet a Sécherheet bei der Cargolux.

De Luc Loschetterplay_arrow

Et wieren awer soss keng speziell Precautiounsmoossname geholl ginn, well de Virus just vu Mënsch zu Mënsch iwwerdrobar ass, bei ganz enkem Kontakt. Et géif een awer zesumme mat Luxair vigilant bleiwen, sou de Luc Loschetter, Senior-Manager Occupational Health & Safety bei der Cargolux.

Luc Loschetter: "momentan éischter am Stand-by"play_arrow

Ënner anerem d'Stad Wuhan ënner Quarantän

De Coronavirus gouf bis ewell bei 620 Mënschen a China nogewisen. Dat huet de chinesesche Gesondheetsministère matgedeelt. Duerch d'Longekrankheet si bis elo 17 Mënsche gestuerwen. Fir eng Epidemie ze verhënneren huet China drastesch Moossnamen ergraff. D'Milliounemetropole Wuhan, wou d'Longekrankheet ausgebrach ass, gouf ënner Quarantän gesat. Zwou weider Stied sinn am selwechte Fall.

Nieft Wuhan, wou d'Longekrankheet fir d'éischt ausgebrach ass, ginn änlech Moossnamen an der Nopeschstad Huanggang an zu Xiantao applizéiert. D'Zil ass et fir ze verhënneren, datt Awunner aus deene Stied anerer kontaminéieren.

Weider Fäll ginn et an Taiwan, Singapur an an den USA

D'Weltgesondheetsorganisatioun geet fir den Ament awer dovunner aus, datt de Virus sech anescht wéi de SARS-Virus, net séier verbreet. Allerdéngs misst een d'Situatioun am A behalen, well Viren iwwer d'Zäit mutéiere kënnen.

D'Longekrankheet kënnt awer zu engem Ament, deen éischter ongënschteg ass, well d'Feierlechkeeten zum chinesesche Joreswiessel voll amgaang sinn. Millioune Leit reesen da gären.

Aus deem Grond sinn och verschidde Sitten, ënner anerem déi sougenannte verbuede Stad zu Peking, vun e Samschdeg u fir d'Touristen zou. All Dag kënne maximal 80.000 Leit dee Site besiche goen. Wéi laang de Keeser-Palais zou ass, gouf net preziséiert.