Verhandlunge gescheitert Cargolux: LCGB an OGBL schalte Conciliateur an

Bei der Cargolux sinn d'Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag gescheitert. LCGB an OGBL hunn de Moie matgedeelt, datt si de Conciliateur ageschalt hunn. D'Gewerkschafte geheien der Cargolux-Direktioun vir, net fir seriö Verhandlunge bereet ze sinn. Trotz Rekordbeneficer 2021 an 2022 géif d'Direktioun Lounerhéijungen an nohalteg Verbesserunge vun den Aarbechtskonditioune refuséieren, gëtt kritiséiert.

Serge Kesseler / cz

Cargolux
Foto: Cargolux / Van Biesen

Lauschteren


Et geet ëm ee Kollektivvertrag fir d'Joren 2023 bis 2025 fir iwwer 1.000 Leit Personal vun der Cargolux. Zënter dem leschte Juni ware 15 Verhandlungsronnen tëschent de Gewerkschaften an der Direktioun, erkläert d'Michelle Cloos vum OGBL. No iwwer sechs Méint Verhandlunge wier den OGBL zur Conclusioun komm, datt een op "deenen allerwichtegste Punkten" wäit vun engem Accord ewech wier an dofir hätt een als Gewerkschaft decdiéiert op d'Schlichtung ze goen.

Haaptfuerderungen: Salairesgrille, attraktive Lounmodell a Perspektiven

Déi zentral Fuerderung vun de Gewerkschafte si strukturell Gehaltserhéijunge fir d'Personal bei der Cargolux, esou de Paul De Araujo vum LCGB.

"Mat engem attraktive Lounmodell, och eng nei Salairesgrille fir d'Buedempersonal awer och ganz kloer, Karriäre mat Entwécklungs-Perspektive fir d'Personal."

D'Personal hätt déi lescht dräi Joer, wärend der Covid-Pandemie grouss Efforte misste maachen, a misst dat och am neie Kollektivvertrag unerkannt kréien, fuerdert d'Michelle Cloos. Et wier inakzeptabel, iwwer e Kollektivvertrag ze verhandelen, dee keng Erhéijung vun de Salairë géif virgesinn. "An dat ass fir eis een absolutten No-Go."

Gewerkschaftlech Aktiounen net ausgeschloss

Donieft verlaangen d'Gewerkschafte méi Stabilitéit bei den Aarbechtspläng, grad wéi eng laangfristeg Aarbechtsplazofsécherung bei der Cargolux.

LCGB an OGBL waarden elo op den éischte Rendezvous op der Conciliatioun. Wann ee keng Satisfaktioun kréich, da wier e bereet fir gewerkschaftlech Aktioune bei der Cargo-Airline, esou nach d'Michelle Cloos.

Direktioun hëlt Gewerkschaftsdecisioun zur Kenntnis

D'Cargolux hëlt d'Decisioun vun de Gewerkschaften zur Kenntnis, wéinst de Verhandlungen, déi no Meenung vun LCGB an OGBL gescheitert wieren, esou d'Direktioun de Mëttwoch Mëtteg op eis Nofro hin. D'Cargolux-Direktioun wier anerer Usiicht, an et géif eng aner Säit vun de Verhandlunge ginn, heescht et weider.

D'Cargo-Airline géif awer keng Kollektivvertragsverhandlungen oder eventuell Schlichtung iwwert d'Medie féieren, schreift d'Direktioun.

Méi zum Thema

Fliger Luxair landen
Aviatioun

Beim Luxair-Personal ass d'Stëmmung net gutt. Extreem Flexibilitéit, héich Aarbechtsbelaaschtung an dobäi e Gel vun de Salairen. Kritiséiert gëtt d'Direktioun a virun allem de Gilles Feith.

Cargolux Boeing 777-8F*
Boeing 777-8F

D'Cargolux wëllt hir 16 Fligere vum Typ 747-400 duerch Maschinne vum Typ Boeing 777-8F ersetzen. Nach wier mam US-Produzent kee Vertrag ënnerschriwwe ginn, seet de Generaldirekter Richard Forson.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen