Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux wëllt Boeing-Transportfligere kafen

Boeing 777-8F

Cargolux wëllt Boeing-Transportfligere kafen

Iwwer eng Period vun zéng Joer wëll d'Cargolux hir 16 Fligere vum Typ 747-400 duerch Maschinne vum Typ Boeing 777-8F ersetzen, dat preziséiert de Generaldirekter Richard Forson. Am Laf vum Joer 2027 soll deen éischte vun de Fligeren vun enger "neier Generatioun" bei der Lëtzebuerger Cargoairline an den Asaz kommen.

auto_stories

2 min

D'Cargolux wëllt 16 Maschinne vum Typ Boeing 777-8F* kafen. Foto: PRNewsfoto/Boeing

Lauschterenplay_arrow

De geplangten éischten Deel vun der Bestellung vun de neie Maschinne soll vun 2027 un iwwer een Zäitraum vu véier bis fënnef Joer geliwwert ginn. Et wéilt een och 2027 den éischte Fliger a Betrib huelen, esou de Richard Forson.

"Eng nei Generatioun vu Fligeren"

Dem Generaldirekter no, hätt d'Cargolux déi lescht zwee Joer d'Fligere vu Boeing a vun Airbus am Detail ënner d'Lupp geholl an duerch verschidde Krittären evaluéiert. Op Basis dovu wier elo decidéiert ginn, datt d'777-8F déi besser Léisung fir d'Cargolux wier, am Verglach mam Airbus-Cargofliger A350F.

Déi nei Boeing-Fligeren hätten eng Partie Virdeeler am Verglach mat den aktuelle 747-400-Maschinnen: Manner Kerosin-Verbrauch, manner héich Betribskäschten a manner schiedlech Emissioune wéi z.B. Kuelendioxid.

An deem Kontext erkläert de Richard Forson datt d'747-700 eng al Technologie wier, an déi nei Maschinne vill besser wieren: "Mir schwätzen elo iwwer eng nei Generatioun vu Fligeren".

Deels mat Eegemëttel finanzéiert

De Präis fir deen d'Cargolux déi nei Fligere keeft, ass wéi gewinnt vertraulech. De Präis léich awer däitlech ënnert dem Lëschtepräis, erkläert de Generaldirekter, well et géif eng grouss Remise ginn.

D'Cargolux wëllt déi nei Fligeren zum Deel mat Eegemëttel finanzéieren.

D'Airline hätt Liquiditéiten, déi solle reinvestéiert ginn, fir datt d'Cargolux eng vun de wichtege Cargo-Airlines op der Welt bleift, seet de Richard Forson.