Fir d'Situatioun an Afghanistan ze verbesseren misste Suen a Liewensmëttel an d'Land bruecht ginn, fuerdert de Michel Feit. D'Sanktioune géint d'Taliban hätte virun allem als Konsequenz, datt d'Populatioun un Honger leit.
"Die Lage in Afghanistan würde ich als stabil-katastrophal darstellen. Das Hauptproblem ist sicherlich nicht mehr der Krieg, sondern die Ernährung: Ernährungsunsicherheit und der Hunger."
Een Drëttel vun der Populatioun géif ënner Honger leiden, esou de Michel Feit vu Caritas Lëtzebuerg. Mataarbechter vun Hëllefs-Organisatiounen géifen an Afghanistan awer net méi verfollegt ginn. Et géif ee méi kontrolléiert ginn an et misst een immens oppassen a verschidde Verhalensreegele anhalen, mee et géif keng Iwwergrëff op d'Personal ginn.
Fir op der Plaz ze hëllefen, hätt ee relativ wéineg Problemer dat néidegt Material a Medikamenter ze kréien; och well ee virun der Muechtiwwernam vun den Taliban e grousse Stock ugeluecht hätt. Méi schwéier wier et fir d'Paien auszebezuelen. Zwar kéint een d'Suen op d'Konte vun de Mataarbechter iwwerweisen, déi kënnen d'Suen dann awer net ophiewen.
De Gesondheetssystem funktionnéiert nëmmen nach rudimentär
"Eis lokal Mataarbechter fäerten ëm hiert Liewen", hat de Michel Feit vu Caritas Lëtzebuerg am 100,7-Interview de leschten August gesot - direkt nom Muechtwiessel an Afghanistan. Elo hätt d'Situatioun sech och op dësem Punkt berouegt.
"Die Personen, die bei uns arbeiten, die Frauen vor allen Dingen, die können weiter arbeiten, werden wie gesagt mehr kontrolliert. Aber eigentlich nicht daran gehindert zu arbeiten. Das Gleiche gilt für die Patienten und Patientinnen. Also auch da, der freie Zugang zu den Kliniken - wir haben ja 7 Kliniken - der ist gewährt."
Nodeem de Gesondheetssystem an Afghanistan kuerzfristeg zesumme gebrach war, géif en elo nëmmen nach rudimentär funktionéieren. D'Gesondheetsinfrastruktur wier awer net esou schlëmm wéi erwaart zerstéiert ginn.