Déi genau Adress vum Foyer steet néierens, aus Sécherheetsgrënn. Vu baussen ass et ee Gebai wéi all anert am Garer Quartier. D'Christina Duffes mécht d'Dier op. Riets am grousse Raum stinn néng Feldbetter. Et gëtt och e separat Zëmmer mat engem Bett fir Noutfäll. Um zweete Stack ass eng Kiche mat enger Wäschmaschinn, een Iesszëmmer an de Büro vun der Christina Duffes. Do beschreift si hiren Aarbechtsalldag.
"Préparer le repas pour les personnes, de les accueillir, de préparer le lit d'urgence. Et d'échanger beaucoup, d'écouter les dames."
D'Fraen dierfe sou laang dohi kommen, wéi se wëllen. Et géif ee reegelméissegen Austausch tëscht hinnen an der Ekipp vu fënnef Leit ginn, déi do schaffen.
Wéinst der Gewalt, där Frae kënnen ausgesat sinn, wier sou eng Plaz just fir Frae wichteg, esou den David Mallinger. D'Nofro wier grouss, am Wanter hätt een net genuch Plazen. Et misst deemno méi där Plaze ginn, fënnt de Caritas-Mataarbechter.
De Foyer wier keng durabel Léisung, mee een éischt Netz fir wa Fraen op der Strooss landen, mengt den David Mallinger. Fir d'Christina Duffes ass et awer wichteg, datt och eng ambulant Léisung sech wéi een Doheem ufillt an d' Fraen sech bedeelegen. Sou soll de Gaart zesumme mat de Fraen nei amenagéiert ginn. An am Iesszëmmer sinn zwee Tabloen opgestallt. Eng Fra hätt déi gemoolt fir den Educatricë Merci ze soen.