Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Caritas: "Sozialhëllef fir Leit, déi nach ni domat confrontéiert waren"

Coronavirus

Caritas: "Sozialhëllef fir Leit, déi nach ni domat confrontéiert waren"

D'Caritas fäert, datt duerch d'Wirtschaftskris an den nächste Méint méi Leit kéinten op sozial Hëllefen ugewise sinn. Leit mat enger klenger Pai, déi duerch de Chômage partiel elo just nach 80 Prozent vun hirem Loun kréien, wieren deem Risk ausgesat, seet d'Marie-Josée Jacobs.

auto_stories

2 min

Fir hinnen entgéint ze kommen, wëllt d'Caritas méi Leit Accès zu hiren Epicerie Socialen ginn. An dëse Geschäfter kann een essentiell Produite fir ongeféier een Drëttel vum normale Präis kafen.

"Ech denken, zum Beispill, un déi Leit, déi elo 80 Prozent vun hirer Pai kréien. Dat ass op der enger Säit vill, mee wann een awer net ganz vill huet, an et muss een en héije Loyer bezuelen, oder eventuell e Prêt. Da gëtt et awer vill méi batter fir d'Ënner beieneen ze kréien. An da musse natierlech och aner Hëllefe fir déi kommen. Fir Leit an dëser Situatioun entgéint ze kommen, wëllt d'Caritas méi Leit Accès zu hiren Epicerie Socialë ginn. An dëse Geschäfter kann een essentiell Produite fir ongeféier een Drëttel vum normale Präis kafen."

Den Ënnerscheed tëschent aarm a räich

Déi aktuell Kris trefft jiddwereen. Mee se trefft net jiddwereen d'selwecht. Grad déi, déi souwisou keng finanziell Reserven hunn, riskéiere besonnesch schwéier getraff ze ginn. Dat gëllt och fir Entwécklungslänner, déi et am Moment besonnesch schwéier hunn, erkläert d''Presidentin vu Caritas-Lëtzebuerg.

"Ech hat dëser Deeg e Minister aus dem Niger um Telefon. Deen huet mir gesot: 'Et ass ganz schrecklech - mir hu siwe Beootmungsapparater fir de ganzen Niger. Mir hu keng Händschen, mir hu keng Masken. A mir hu keng Sue fir se ze kafen.' Dat ass, mengen ech, an engem Saz ausgedréckt, wéi et do ass. An dee seet: 'Mir stinn total hëlleflos do, a mir hu keng Chance fir op deem Marché kënne mat dobäi ze sinn.' Wou dann erëm eng Kéier den Ënnerscheed tëschent räich an aarm demonstréiert gëtt. An ech mengen och do hu mer eng Responsabilitéit, fir wéinstens eist Stéck, wat mer kënnen dozou bäidroen och do ze maachen."

De Lëtzebuerger Staat hätt jeeweils 4.000 Masken un d'Croix Rouge an un d'Caritas ginn. Déi Maske wieren awer net an den Niger geschéckt ginn, mee géifen elo zu Lëtzebuerg op hiren Asaz waarden. D'Marie-Josée Jacobs geet dovun aus, datt 8.000 Masken engem Land wéi dem Niger net fir laang gehollef hätten.